Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng Image-Fro"

Ëmweltschutz an Industrie

"Eng Image-Fro"

Den Impakt op d'Loftqualitéit bei Knauf an den héije Waasserverbrauch bei Fage sinn déi zwee ënnerschiddlech Grënn, wéinst deenen d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg gewëss Problemer mat de vill diskutéierten Industrie-Projeten huet. D'Fabricke fir Steewoll a Jughurt, déi zu Suessem respektiv zu Beetebuerg gebaut solle ginn, sinn an der Prozedur ongeféier d'selwecht wäit: Fage a Knauf musse just nach e puer lescht Zousazinformatiounen erareechen, éier d'Etüd iwwer den Ëmweltimpakt ofgeschloss an d'Autorisatiounsprozedur ageleet ka ginn.

auto_stories

3 min

Carole Dieschbourg (Foto: Archiv)

Knauf géif eegene Berechnungen no den Equivalent vun 20 Prozent vum Schwiefeldioxid (SO2) an d'Loft blosen, dee Lëtzebuerg laut NEC-Direktiv zegutt huet. An där europäescher National Emission Ceilings Directive hunn d'Länner sech virun zwee Joer engagéiert, bis 2030 Reduktiounsziler bei den Emissioune vu schiedleche Substanzen ze erreechen, déi präzis chiffréiert sinn. Zil vun den Efforten ass eng Verbesserung vun der Loftqualitéit, fir d'Zuel vun Doudesfäll, déi op Loftverschmotzung zeréckzeféiere sinn, ëm d'Hallschecht ze reduzéieren. Zu Lëtzebuerg wären dat 150 Mënscheliewen, déi all Joer kéinte gerett ginn, seet d'Ëmweltministesch.

Deemools (2016) wär net ageplangt gewiescht, datt en Acteur wéi Knauf op Lëtzebuerg komme wéilt, deem seng Aktivitéit en nationalen Impakt op déi Emissiounswäerter géif kréien, seet d'Carole Dieschbourg. "Et ass e Choix, dee mir musse maachen", seet d'Ëmweltministesch. "Mir kënne soen: Jo, mir huelen deen. Mee da wëssen all déi Betriber, déi haut schonn hei sinn, datt si ouni nei Technologien net kenne weider wuessen."

"Spillen net op Zäit"

Eng zweet problematesch Emissioun ass den Ammoniak: do kéim Knauf, eegenen Aussoen no, zwar "nëmmen" op zwee bis véier Prozent vum globale Quantum, deen zu Lëtzebuerg däerf ausgestouss ginn. Mee dat géif d'Landwirtschaft, déi fir 96 Prozent vum Ammoniak an der Loft zoustänneg ass, an déi schonn eng Reduktioun vun 20 Prozent zougesot huet, dozou verdamen, nach zousätzlech Efforten ze maachen, sou d'Carole Dieschbourg.

De Reproche, si géif am Fall Knauf op Zäit spillen, léisst d'Ëmweltministesch net gëllen: "Wa Chifferen net do sinn, da musse se geliwwert ginn. An e Betrib, dee wëll heihinner kommen, sollt sech och un eis Virgaben halen."

Weider Investitiounen an Infrastruktur néideg

Dee Prinzip gëllt och fir de griichesche Jughurtsfabrikant Fage. Deem seng geplangte Fabrick zu Beetebuerg géif, wa se enges Daags op vollen Toure leeft, souvill Drénkwaasser verbrauche wéi eng Stad mat 20.000 Awunner. Dat géif eng Rei Froen opwerfen, seet d'Carole Dieschbourg. D'Waasser wär zu Lëtzebuerg keng onendlech Ressource. Doriwwer eraus misst wahrscheinlech an de Reseau an eventuell an en neie Waassertuerm investéiert ginn.

Déi Froe wären natierlech ze léisen. "Ech fannen et awer wichteg, datt mir politesch diskutéieren, ob dat do wierklech de Wee ass", seet d'Carole Dieschbourg. Et wär och eng Image-Fro, ob de Staat Terrainen, déi him an nationalen Industriezone gehéieren, u Firme wéi Fage oder u méi innovativ Betriber géif verginn, déi d'Ressourcë schounen. D'Ëmweltministesch géif sech freeë wa Lëtzebuerg, nieft deem finanziellen an deem sozialen, och en Triple A am Ëmweltberäich kréich.

D'Carole Dieschbourg huet am Dezember 2013 ouni grouss politesch Erfarung den Ëmweltressort an der blo-rout-grénger Regierung iwwerholl: hir Nominatioun war deemools eng grouss Iwwerraschung. Si géif déi Aarbecht "mat grousser Freed a Loscht" maachen a wéilt och gär Ëmweltministesch bleiwen: "Ech géif weider gären hëllefen, datt mir méi nohalteg ginn hei zu Lëtzebuerg."