Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Carole Dieschbourg zitt e positive Bilan vun der Weltklimakonferenz

Weltklimakonferenz

Carole Dieschbourg zitt e positive Bilan vun der Weltklimakonferenz

D'Ëmweltministerin begréisst de Klimaaccord vun der Weltklimakonferenz zu Glasgow. Och wann den "Exit" aus der Kuel um Enn däitlech ofgeschwächt gouf, wier den Accord positiv, esou d'Carole Dieschbourg.

auto_stories

2 min

D'Carole Dieschbourg begréisst de Klimaaccord vu Glasgow

D'Länner missten an Zukunft nach méi Ambitioun weisen, mee d'Reegelwierk, fir de Paräisser Klimaaccord ëmzesetzen, géif elo stoen an d'Zil, d'Äerderwiermung op annerhallwe Grad ze limitéieren, wier um Liewe gehale ginn, sou d'Carole Dieschbourg. Et misst awer nach méi gemaach ginn, mee:

"[W]ann ech awer kucken, wat elo un Annoncë gemaach gouf, mam klore Wëllen eraus aus der Kuel, eng aner Mobilitéit, a mir schützen eis Bëscher - dat si jo déi dräi grouss Messagen - da geet dat sécher an der Ambitioun nach net duer, mee de Geescht, deen do ass, dat ass awer e ganz anere wéi zu Madrid oder zu Kattowitz."

D'Carole Dieschbourg betount, datt ee seelen an "där positiver Stëmmung" geschafft hätt. Si streit awer net of, datt dat, wat decidéiert gouf, sécher net duergeet fir d'Klima ze retten:

"Dat ass ëmmer e Resultat vu Verhandlungen. Dofir, ganz kloer: wann ech als gréng Politikerin e Statement maache géif, da wier et natierlech méi mitigéiert, wéi wann ech et als Diplomatin maachen, déi einfach och weess, wéi vill Aarbecht bei dëse Verhandlungen ass."

Lëtzebuerg positionéiert sech géint Atomenergie

Et wier och wichteg gewiescht, datt Lëtzebuerg zu Glasgow zesumme mat véier aneren EU-Länner nees eemol en Zeeche géint d'Atomenergie gesat hätt, esou d'Carole Dieschbourg. Et hätt een zu Glasgow nämlech e groussen Drock an d'Richtung vun där Form vun Energieproduktioun gespiert.

Fir d'Carole Dieschbourg ass d'Atomenergie net d'Léisung fir d'Klima-Kris:

"Atomenergie ass weder schnell genuch do - d'Technologien, vun deenen elo geschwat gëtt, déi kommen eréischt an deenen nächste Joerzéngten -, et ass vill ze deier - Atomenergie ass mat déi deierst Energie -, an se wäert nimools sécher sinn."

Manner kämpferesch huet sech de Pierre Gramegna déi lescht Woch am 100,7-Interview gewisen. D'Taxonomie hält de Finanzminister fir ganz wäertvoll, mee d'Aschätzung, datt dat Instrument näischt méi wäert wier, wann een dora Gas oder Atomkraaft als gréng astuuft, deelt de Pierre Gramegna esou net.