Heelpädagogik Paradigmewiessel an der Schoul

Eng méi inklusiv Schoul ass de Wee fir eng méi inklusiv Gesellschaft, esou d'Cathy Mangen um internationalen Dag vun der Heelpädagogik. Si ass Member vum Beruffsverband "Association Luxembourgeoise des Pédagogues Curatifs (ALPC)." D'Cathy Mangen schwätzt vun engem Paradigmewiessel.

Maxi Pesch / tsk

Cathy Mangen_Heilpädagogin.jpg
Cathy Mangen

D'Reform vum Educatiounsministère gesäit vir, de Kanner an der Regelschoul en Encadrement ze bidden, vun deem och d'Kanner mat spezifesche Besoine kënne profitéiere. "D'Transitioun an den neie System geet net vun haut op muer. D'Personal muss drop virbereet ginn," erkläert d'Heelpädagogin Cathy Mangen. D'Angscht vun den Elteren, datt déi aner Kanner doduerch benodeelegt géinge ginn, wier verständlech. "Mä am Endeffekt ass et fir jiddereen e Gewënn. Et bedeit eng grouss Ëmstellung, ee Paradigmewiessel.”

Paradigmewiessel

D'ALCP sëtzt sech fir eng méi grouss gesellschaftlech Inklusioun an. D'Integratioun géif manner wäit goen. "Dat ass wéi een, deen zwar kann Deel un eppes huelen, mä net als gläichwäertege Member ugesi gëtt." Bei der Inclusioun soll de Mënsch als gläichwäerteg unerkannt ginn. E Wandel géif et och allgemeng an der Gesellschaft ginn. D'Leit géinge méi oppe mam Thema Behënnerung ëmgoen. Trotzdem géing et nach e grousse Wee ze maache ginn.

Ënnert Heelpädagogik versteet een, de Mënsch mat senge Beanträchtegungen z'akzeptéieren an him ze hëllefen, seng Plaz an der Gesellschaft ze fannen, seet d'Cathy Mangen. "Et geet net drëms eppes ze heelen." Zu Lëtzebuerg ginn et ronn 100 Heelpädagogen. E Studium fir Heelpädagogik gëtt et den Ament nach net hei am Land. "Mir bräichte méi Leit, déi sech an dem Beräich spezialiséieren."

Ënnert dem Wäert verkafen

De Beruff wier net genuch valoriséiert. Et géing eng Tendenz am Secteur ginn, fir déi passend Beruffsplazen u manner qualifizéiert Leit auszeschreiwen. "Dacks verkafen d'Heelpädagoge sech ënnert hirem Wäert."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maxi Pesch
Lauschteren

Méi zum Thema

Inclusioun a Maison Relais
Maison Relais

Zu Beetebuerg soll am Hierscht eng nei "inklusiv" Maison Relais opgoe fir ronn 80 Kanner. E Véierels vun de Plazen ass fir Kanner mat spezifesche Besoine virgesinn.

Rollstull
Chancegläichheet

D'UN-Konventioun fir d’Rechter vu Persoune mat Behënnerung muss zu Lëtzebuerg nach ëmgesat ginn. Eng besser Integratioun a manner Diskriminéierung fuerderen an deem Kader d'Behënnerten-Organisatiounen.

Silvio Sagramola
Info Handicap

Méi Personal an der Regelschoul ass eng vun de Fuerderunge vun Info Handicap. Bei der Reform vun der Fleegeversécherung dierft net op Käschte vun der Autonomie vu Mënsche mat Behënnerung gespuert ginn.

Net verpassen

Programm

  • Notturno

  • On air

    De Weekend

    • Liewe fir de Veräin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

  • Panorama

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen