Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Pharrell - Richard Mille

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Causa Maaßen

Chronik

Causa Maaßen

Turbulent Zäiten an der däitscher Innepolitik: De Fall ëm de fréiere Chef vum Verfassungsschutz Hans-Georg Maaßen huet an der Grousser Koalitioun vun CDU, CSU an SPD zu engem Vertrauensverloscht gefouert.

auto_stories

3 min

D'däitsch Politik ass an der Vertrauenskris. De Fall Maaßen huet grondleeënd Problemer vun der grousser Koalitioun méi däitlech gemaach. Lescht Woch huet de fréiere Chef vum Verfassungsschutz säi Poste misse raumen, nodeems hien d'Authentizitéit vun engem verifizéierte Video vu Chemnitz ugezweiwelt hat a sech effektiv un Desinformatioun bedeelegt hat.

Vill negativ Reaktiounen op d'Promotioun

Gespaant huet jiddwereen dorop gewaart, wat no den Deliberatioune vun de Koalitiouns-Spëtze Seehofer, Nahles a Merkel géif passéieren, an d'Resultat war fir vill Leit erstaunlech: Den Hans-Georg Maaßen sollt zum Staatssekretär vum Inneministère ernannt ginn.

Dat wier effektiv eng Promotioun gewiescht, hien hätt iwwer 2.000 Euro méi am Mount verdéngt. No villen negative Reaktiounen aus der Bevëlkerung gouf no enger neier gemeinsamer Léisung gesicht, déi dem Gerechtegkeetssënn vun de Leit entsprieche soll.

De Vertrauensverloscht ass grouss

E Sonndegowend gouf bekannt, datt den Hans-Georg Maaßen awer net Staatssekretär gëtt. E wäert an den Inneministère wiesselen, mee als "Sonderberater" a senger Paie-Kategorie bleiwen. Dat alles kënnt spéit: De Vertrauensverloscht an d'Koalitioun ass grouss. Enger Ëmfro am Optrag vun der Bild am Sonntag no gleewe 67 Prozent net méi dorun, datt d'Parteicheffe vu CDU, CSU an SPD zesummeschaffe kënnen.

Dat verluerent Vertrauen ze retabléieren, souwuel tëschent de Parteien, wéi och an der Bevëlkerung, dierft net einfach sinn. Dobäi kënnt, datt d'Parteien ënner Zäitdrock stinn: D'Landtagswahl a Bayern steet de 14. Oktober un, d'regéierend CSU sackt do an den Ëmfroe weider erof. Och d'SPD fält weider. Fir si war et och eng Saach vu Credibilitéit fir d'eege Parteilinn, sech am Fall Maaßen duerchzesetzen.

D'Koalitioun hält zesummen, well hinne soss näischt iwwreg bleift

Den Inneminister Horst Seehofer stellt sech zanter dem Virfall hanner de Hans-Georg Maaßen. "Hien ass e kompetenten an integere Mataarbechter", sot den CSU-Chef. De Virworf, den Hans-Georg Maaßen wier riets oder rietsextrem, géif hie vehement zeréckweisen. Den Horst Seehofer hat eng Entloossung vum Hans-Georg Maaßen schonn am Virfeld vun de Gespréicher gëschter Owend ausgeschloss.

"D'Koalitioun wäert un dësem Virfall net zerbriechen", dat huet een an de leschten zwou Woche souwuel vun der Kanzlerin Angela Merkel wéi och vun der SPD-Chefin Andrea Nahles héieren. Mee d'Regierung hält den Ament zesummen, well hinne soss näischt iwwreg bleift. D'Stëmmung an de Konsens an der Koalitioun sinn awer sou niddreg, wéi nach ni.

De Gewënner ass d'AfD

Déi grouss Gewënner vun dësem Debakel dierft virun allem d'AfD sinn. Hir Popularitéit geet duerch de Vertrauensverloscht an d'Grouss Koalitioun an den Ëmfroen an d'Luucht. Iwwerdeems d'Grouss Koalitioun d'Causa Maaßen verdaut, reiwe sech den Alexander Gauland an de Björn Höcke d'Hänn.