Radioen

On air

Notturno  |  Ben Sloan - Philistine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CBD-Cannabis zu Lëtzebuerg

Cannabis

CBD-Cannabis zu Lëtzebuerg

Cannabidiol, mat CBD ofgekierzt, ass eng Moleküll, déi een an der Cannabisplanz fënnt, an déi net psychoaktiv wierkt. Ëmmer méi CBD-Geschäfter fënnt een hei am Land, well zu Lëtzebuerg kann een ënner gewësse Konditioune Cannabis kafen. Wat genee ass CBD, a wéi gesäit de Kader ronderëm dës Moleküll aus?

auto_stories

5 min

"Eist Produitssortiment geet vu Cannabisbléien, déi keen THC enthalen, dofir awer CBD. Zousätzlech bidde mir och regional Produiten un", seet de Marco Illg. Hien ass vu Formatioun Infirmier an huet Wëlles e CBD-Shop zu Veianen opzemaachen. Hei wëllt hie legal Cannabis verkafen, sougenannten CBD-Cannabis.

Mee wat genee ass CBD, wat ass den Ënnerscheed zu THC, a wéi kënnt et, datt Cannabis ënner enger gewësser Form zu Lëtzebuerg awer legal ass?

THC huet eng Wierkung op d'Gehir

Cannabidiol, also CBD, ass eng vun iwwer 200 Moleküllen, déi een an der Cannabisplanz fënnt, an déi, am Géigesaz zu der méi bekannter Moleküll THC, net psychoaktiv wierkt. CBD ass déi zweet wichtegst Komponent vun der Planz, an huet eng aner Wierkung op d'Gehir, wéi d'Doktesch Ana Chioti aus dem Gesondheetsministère erkläert.

Am mënschlechen zentralen Nervesystem gëtt et e sougenannten endo-cannabiniode System, deen aus ville verschiddene Rezeptore besteet, sou d'Doktesch. Den THC ka sech un déi Rezeptore bannen an domat Reaktiounen um Niveau vum Gehir bewierken. D'Moleküll kéint zum Beispill Euphorie ervirruffen. Bei dësem Virgank schwätzt ee vun enger psychoaktiver Reaktioun, déi am schlëmmste Fall zu enger Ofhängegkeet féiere kann.

CBD huet keng psychoaktiv Wierkung

D'Moleküll CBD relaxéiert d'Musekelen an huet um Niveau vum Gehir eng ganz aner Wierkung. Den CBD bënnt sech net un déi Rezeptoren, dofir schwätzt een dee Moment och net vun enger psychotroper oder psychoaktiver Wierkung, erkläert d'Ana Chioti. Eng CBD-Ofhängegkeet wier dofir vill manner wahrscheinlech, sou d'Doktesch.

Béid Molekülle fënnt een an der selwechter Planz, dat heescht och an de Bléie vun der Cannabisplanz, déi legal hei am Land verkaf dierfe ginn. Dës enthalen also och déi psychoaktiv Substanz THC. Mee de Konsum vun dëse Bléien huet kee psychoaktiven Effekt op d'Gehir, well den Taux vum THC geréng ass. Eréischt bei engem THC-Gehalt vu véier Prozent kann ee vun engem psychoaktiven Effekt schwätzen. Zu Lëtzebuerg läit den erlaabten Héchst-Taux vun THC an de Cannabisbbléie bei 0,3 Prozent, alles drënner ass also legal.

Staatslabo: THC-Cannabis nach ëmmer méi heefeg wéi CBD-Cannabis

Et géife momentan Leit bei hie kommen, déi hire Cannabis, dee si am Ausland kaaft hunn, wëllen teste loossen. Hie féiert dann déi néideg Tester duerch, seet de Serge Schneider.

De President vu Cannamedica, schafft am Staatslabo, deen ënner anerem Cannabis-Planzen op hiren THC- an CBD-Gehalt test. Wann een en CBD-Buttek opmaachen oder CBD verkafe wëllt, da muss een noweise kënnen, datt den THC-Gehalt bei de Planzen ënner 0,3 Prozent läit. Esou eng Analys kascht fir Privatpersounen 150 Euro. Och d'Justiz gräift op dës Tester zeréck an hei ginn dann zwee Tester gemaach.

Als éischt misst ee bestëmmen, wat fir eng Moleküllen am Cannabis enthale sinn, an enger zweeter Etapp ginn d'Quantitéite vun den Inhaltsstoffer analyséiert. THC an CBD géife systematesch getest ginn, seet de Serge Schneider.

Bei Cannabis, deen illegal op der Strooss verkaf gëtt, ass den Taux un THC vill méi héich, nämlech zéng bis zwielef Prozent, also wäit ewech vun de legalen 0,3 Prozent. Och wann een ëmmer méi CBD-Tester géif maachen, wier Cannabis mat engem héijen Taux un THC nach ëmmer dominant, seet de Serge Schneider.

CBD-Cannabis ëmmer méi heefeg

De Staatslabo géif ëmmer méi dacks CBD-Cannabis ënnersichen, "et ass awer nach ëmmer marginal, par rapport zu deem, wat d'Police bréngt, wat illegale Cannabis ass. Mee et ass elo méi CBD-Cannabis ënnerwee, dat gesäit een".

Ee Grond ass, datt CBD net psychoaktiv wierkt, mee et awer grad deen Effekt ass, dee vill Konsumente sichen, heescht et vun der Police Judiciaire op Nofro hin. Et kéint een awer feststellen, datt et e gewëssen Trend zum CBD hi gëtt. De Marco Illg gesäit dat ähnlech. D'Leit wieren awer nach relativ oninforméiert, an dofir wéilt een och opklären a sensibiliséieren.

Medezinesch Wierkung vun CBD

D'Cannabisplanz selwer huet nämlech vill Qualitéiten, déi wäit iwwer déi psychoaktiv erausginn. Virun e puer Méint gouf de Projet de loi, dee medezinesche Cannabis legaliséiert, an der Chamber gestëmmt. Et hofft ee sech doduerch, verschidde Krankheete besser behandelt ze kréien. Et hätt een Effekter op den zentralen Nervesystem festgestallt, seet d'Doktesch Ana Chioti aus dem Gesondheetsministère, mee déi wieren nëtzlech an net schiedlech. CBD kéint zum Beispill géint Péng an Iwwelzegkeet hëllefen.

De medezinesche Cannabis, deen een zu Lëtzebuerg verschriwwe wäert kréien, wäert wahrscheinlech aus Kanada sinn, an den THC-Gehalt wäert hei och relativ niddereg sinn. Et setzt een op déi positiv Effekter vum CBD. Doduerch soll och verhënnert ginn, datt Patienten ofhängeg ginn.

"Alles, wat ee permanent benotzt, kann ofhängeg maachen"

Fir de Carlos Paulos vu 4motion ass dat awer net esou evident. Och wann ee vu CBD kierperlech net kéint ofhängeg ginn, besteet fir hien awer e Risk. Et kéint ee vun allem ofhängeg ginn: Vu CBD, vum Handy, alles wat ee permanent benotzt, kéint ofhängeg maachen. "Dat huet näischt mam Fait ze dinn, datt et psychoaktiv ass oder net", seet de Carlos Paulos.

Dofir sollt ee säi Konsum am A behalen, fir net ofhängeg ze ginn, esou de Carlos Paulos weider. Datt CBD an Zukunft kéint illegal sinn, hält de Marco Illg fir net wahrscheinlech. Et géif eng gewësse Gefor bestoen, datt d'Moleküll verbuede kéint ginn, momentan wier zu Lëtzebuerg, am Bezuch op Cannabis, awer eng gewëss Beweegung sichtbar, déi an eng aner Richtung géif goen, "souwuel wat de CBD, wéi och den THC betrëfft", sou de Marco Illg.

Diskussioun iwwer Cannabis e Wahlkampfthema?

Am Juni war um Site vun der Chamber eng Petitioun lancéiert ginn, déi d'Legaliséierung vu Cannabis ënner verschidde Konditioune fuerdert. Den néidege Seuil vu 4.500 Ënnerschrëfte gouf hei a Rekordzäit gesammelt. Zanterhier ass d'Diskussioun ëm Cannabis erëm opgedaucht a kéint och zu engem Wahlkampfthema ginn.