Radioen

On air

Notturno  |  Idris Muhammad - Could Heaven Ever Be Like This

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CEBIT 2018 mat Lëtzebuerger Präsenz

Nei Technologien

CEBIT 2018 mat Lëtzebuerger Präsenz

2.800 Aussteller aus 70 Länner hunn dës ganz Woch iwwer hir nei Produkter a Servicer zu Hannover presentéiert, op enger vun de weltwäit gréisste Foiren am Beräich vun den Informatiouns- a Kommunikatiouns-Technologien. Lëtzebuerg ass zanter laange Joren erëm mat engem gréissere Stand op der CEBIT present. "Mir mussen déi Lëtzebuerger Entreprisë mat Zäiten informéieren a begleeden, fir si fit fir déi digital Gesellschaft a Wirtschaft ze maachen", seet d'Chambre de Commerce. D'Präsenz zu Hannover géif awer och weisen, datt et e Besoin vun den Entreprisë géif ginn.

auto_stories

6 min

Kleng Drone fléie mat héijer Vitesse eng Course an enger vun de Foires-Halen zu Hannover. Dat ass e Beispill fir de méi staarke Show-Charakter vun der CEBIT 2018, fir déi et dëst Joer e komplett neit Konzept gëtt. Op der radikal ëmgebauter CEBIT solle Business a Festival zesummeschmëlzen, hat et am Virfeld geheescht.

D'Computer-Foire, déi et schonn zënter 1986 gëtt, hat an de leschte Joren de Ruff "maximal oncool" ze sinn. Wat ass dëst Joer alles nei?

"Eigentlech alles, den Numm ass nach dee selwechten, mee mir hunn d'Foire komplett nei opgebaut", seet den Andreas Gruchow, Direktiounsmember vum Organisateur Deutsche Messe AG.

Nieft dem Fachpublikum soll d'CEBIT, déi net méi am Mäerz mee am Juni ass, och privat Visiteuren uschwätzen, a virun allem digital interesséiert jonk Leit. Et wéilt een de Fokus virun allem op Networking an op Matchmaking leeën. De Festival- an Eventcharakter soll awer och däitlech méi an de Fokus réckelen. Am Haff tëschent den CEBIT-Hale steet eng grouss Bühn, fir DJ-Optrëtter schonn am Dag a fir Concerten owes.

Virtual Reality, Augmented Reality a kënschtlech Intelligenz am Fokus

Ee wichtegt Stéck vun der CEBIT ass awer nach ëmmer de Business-gedriwwenen Deel vun der ICT-Foire zu Hannover. Am Beräich "d!tech" läit den Accent op Virtual Reality, Augented Reality, kënschtlech Intelligenz, autonomt Fueren, op Dronen a Roboteren, seet den Andreas Gruchow.

"Sicht Dir no Iddie mam Potential, fir d'Welt ze veränneren", kann een iwwer dës Partie vun der CEBIT liesen. An dësem d!tech-Deel steet och e Lëtzebuerger Stand vu 400 Quadratmeter, mat engem Start-Up-Pavillon: am ganze sinn et 22 Lëtzebuerger Exposanten, dorënner 16 Start-Uppen.

Et wier gutt an interessant, datt esou vill Lëtzebuerger Start-Uppen d'Invitatioun vun der Chambre de Commerce acceptéiert hätten, seet d'Sabrina Sagramola vun der Chambre de Commerce. Et wier wichteg, fir op der CEBIT present ze sinn a sech Partner am Ausland ze sichen. Virun allem wier et awer wichteg, datt een zesumme géif weisen, datt Lëtzebuerg prett ass fir den Defi vun der Digitaliséierung op sech ze huelen. Lëtzebuerg wier och en route, fir eng Smart Nation ze ginn.

Verschlësselung a kënschtlech Intelligenz: Lëtzebuerg och aktiv

Verschlësselungs-Technologie a kënschtlech Intelligenz: dat si Beispiller vu Beräicher, an deenen déi Lëtzebuerger Start-Uppen aktiv sinn, déi sech op der CEBIT weisen.

D'Entreprise AI4U ass am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz aktiv. Si huet een Outil entwéckelt, deen ee géint Fake News asetze kéint. D'Software soll zum Beispill Tweets op Twitter analyséiere kënnen. Den Algorythmus, op deem de Programm baséiert, gëtt mat Bild- a Videomaterial gefiddert, dat d'Clienten AI4U zur Verfügung stellen.

D'Firma Tetralux entwéckelt Verschlësselungssoftware an huet zu Mënsbech eegen Hardware entwéckelt. Tetralux schreift hir Software komplett selwer a keeft och keng extern Komponenten an. D'Technologie géif integral a Lëtzebuerg an an Däitschland entwéckelt ginn, sou datt garantéiert ass, datt keng Hannerdieren an der Software integréiert wieren. "Kee Geheimdéngscht vun der Welt kann är Donnéeë matliesen", versprécht d'Entreprise.

Och dat neit Lëtzebuerger Haus vun de Start-Uppen ass zu Hannover vertrueden: d'Directrice Karin Schintgen weist sech ganz zefridde mam Duerchschnëtt vun de Lëtzebuerger Start-Uppen, déi sech op der CEBIT 2018 presentéieren.

Si wier frou, datt si op der CEBIT eng Rei Lëtzebuerger Entreprisë géif erëmfannen, déi si scho viru Jore begleet huet. Dat géif fir eng positiv Entwécklung vun dëse Start-Uppe schwätzen, dës Entwécklung wier och positiv fir Lëtzebuerg. Mat Lëtzebuerger Entreprisen aus de Beräicher Robotics, Technologien a Paiementer wier d'Offer iwwerdeems relativ divers. "Et ass wierklech eng gutt Representatioun hei vu Start-Uppen, déi och schonn e gewëssen Degré de Maturitéit hunn, wat interessant ass", seet d'Karin Schintgen.

Zefridde mat der Lëtzebuerger Präsenz op der CEBIT weist sech och den Andreas Gruchow aus der Direktioun vun der Deutsche Messe.

Iwwer 20 Aussteller op 400 Quadratmeter wier eng grouss Bedeelegung, absolut gesinn. Wann een dës Unzuel mat der Awunnerzuel vu Lëtzebuerg géif vergläichen, da géif et kaum en anert Land ginn, dat sou staark op der CEBIT vertrueden ass.

Facebook demonstréiert Transparenz

Eng éischte Kéier op der CEBIT mat dobäi ass dëst Joer Facebook. D'US-Entreprise, déi virun allem wéinst hirem Sozial-Netzwierk bekannt ass, presentéiert sech op engem net iwwerdriwwe grousse Stand, dee verschidden Aktivitéite weist, dorënner och "Léiere mat Facebook", mat Course fir Start-Uppen a fir déi digital Kompetenz.

Facebook versteet sech als Deel vun der Gesellschaft an och als Deel vun der Wirtschaft, dowéinst wier een op der CEBIT, seet de Facebook-Spriecher Stefan Meister. Op der Foire wier een och bereet iwwer Dateschutz, Privatsphäre a Sécherheet ze schwätzen.

Dateschutz wier ee vun de Käre vu Facebook, seet hien. Wa Facebook d'Donnéeë vu sengen Notzer net schütze kéint, da géifen d'Notzer d'Vertrauen an d'Déngschter vu Facebook verléieren a géifen als Konsequenz iergendwann ophalen, d'soziaalt Netzwierk ze benotzen. Dofir kéint een ni genuch iwwer Dateschutz an iwwer Privatsphär schwätzen.

Wéinst den neien Dateschutz-Regelen an der EU géif et de Moment relativ vill Veronsécherung ginn, gëtt de Facebook-Spriecher zou.

Natierlech géif et och op der CEBIT Diskussiounen a Froen doriwwer, wéi wäit Facebook Dateschutzaspekter a seng Offer integréiere wäert, seet de Stefan Meister. Facebook hätt sech dozou verflicht, fir elo an och an Zukunft all déi rechtlech Ufuerderungen an Europa ze erfëllen.

Vertrauen immens wichteg

Et wier zentral wichteg, datt d'Leit Facebook vertrauen, esou de Spriecher an der Suite vum Dateskandal ronderëm Cambridge Analytica an der Fro vum Image-Schued fir d'Sozial-Netzwierk.

De Stafan Meister seet, Facebook wier sech bewosst, datt et e grousse Vertrauenverloscht ginn hätt. Dofir wier et elo wichteg, datt d'Entreprise weider doriwwer schwätzt, wéi se mat den Donnéeë soll ëmgoen. Facebook hätt seng Dateschutzrichtlinn, am Zesummenhang mat der Dateschutzgrondveruerdnung komplett iwwerschafft. Dës wier elo méi einfach, méi transparent an et wier och méi einfach, fir z eerklären, wat Facebook wierklech brauch, fir e komplett personaliséierten Déngscht ze erméiglechen.