Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Maehila - Sérénité

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Cercle de coopération": gutt Relatioune mat Partner

Kooperatioun

"Cercle de coopération": gutt Relatioune mat Partner

Kleng Entwécklungs-ONGen hunn ëmmer méi Schwieregkeete fir u staatlech an europäesch Gelder ze kommen. Den neien Direkter vum Cercle de coopération wëllt mat Expertise hëllefen. D'Sue fir Kooperatioun dierften net an d'Migratioun fléissen, seet de Christopher Lilyblad.

auto_stories

2 min

Déi méi streng Critèren a Co-Finanzementstauxe fir Cooperatiounsprojete vun ONGe sinn nach net ëmgesat, seet de neien Direkter vum Verband vun den Entwécklungs-ONGen. D'Regierung hat dës Critèren am Kader vum Spuerpak decidéiert. Dem Christopher Lilyblad no hätten d'ONGen dëst Joer domadder gerechent. Verschiddener hätten elo awer Problemer bei der Opstellung vun hire Budgeten. An Zukunft wäerte Projete vun ONGen, déi net an den Zillänner vun der staatlecher Entwécklungshëllef realiséiert ginn, manner finanziell Ënnerstëtzung vum Staat kréien.

Dem Direkter vum Cercle de coopération no hu kleng ONGen och ëmmer méi Schwieregkeete fir u Sue vun der europäescher Kommissioun ze kommen. Dat géif eng grouss administrativ Aarbecht viraussetzen, déi kleng Strukturen net ëmmer kéinten opbréngen.

"Mir sinn net do fir Konfrontatioun"

Et hätt een eng gutt Relatioun mam Ministère. "Mir sinn do fir konstruktiv Kritik". Et géif een an engem ganz oppenen, transparenten a konstruktive Sënn mat de Partner zesummeschaffen. An den nächste Méint bréngt de "Cercle de coopération" den neie "fair Politics-Barometer" eraus, wou d'Kohärenz vun de Politike vun der Regierung iwwerpréift gëtt, seet de Christopher Lilyblad.

Intern Spannungen tëscht ONGe wëll de Direkter vum Cercle de coopération net kommentéieren. Och zu den ëmstriddene Pläng vun der Europäescher Kommissioun fir Flüchtlingscampen a Libyen ze finanzéieren, mécht hie keng Ausso. D'Sue fir d'Entwécklungshëllef dierften net fir Migratioun benotzt ginn, sou den neien Direkter vum Verband vun den ONGen am Beräich vun der Kooperatioun.

Den 13. a 14. September diskutéieren all d'Acteure vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef op den "Assises de la coopératioun" fir en Austausch iwwert hir Zesummenaarbecht.