arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cercle de Cooperation: "Verschidden ONGe fäerten ëm hir Existenz"

Gesellschaft

|
reading time

2 min

Cercle de Cooperation: "Verschidden ONGe fäerten ëm hir Existenz"

D'Lëtzebuerger Entwécklungs-ONGe fäerten, datt si duerch d'Kris manner Sue fir hir Projete kréien. Et misst een domat rechnen, datt esou wuel d'Done vu Privatpersounen zeréck ginn, wéi och déi staatlech Subsidë fir Entwécklungsprojeten, esou déi nei Direktesch vum Cercle de Cooperation.

reading time

2 min

D'Nicole Ikuku seet vill kléng ONGe géifen an der aktueller Kris ëm hir Existenz fäerten. Déi kleng Organisatioune wieren ofhängeg vun der Generositéit vun der Gesamtpopulatioun a vum Co-Finanzement vum Ausseministère.

D'Véronique Weis gëtt warscheinlech déi nei Presidentin vum Cercle de Cooperation. D'Vertriederin vun der ONG "Eng Oppen Hand fir Malawi" hätt hir Kandidatur gestallt fir Presidentin vum Daachverband vun den Entwécklungs-ONGen ze ginn. Dat seet déi nei Direktesch vum Cercle, d'Nicole Ikuku.

D'Nicole Ikuku huet sech och virun hir Mataarbechterin Véronique Faber gestallt, déi och Presidentin vum Verwaltungsrot vun dësem Radio ass. De Virworf, datt d'Véronique Faber ee fréieren Aarbechtskolleeg gemobbt hätt, wier net ze halen, esou d'Nicole Ikuku.

"C'est quelqu'un qui est reconnue, qui est compétente, qui a même toute une expertise de toute son experience de travail dans les organisations de travail précédemment, et qu'on connait. Avec qui moi j'ai déjà eu la chance de travailler. Et beaucoup d'autres aussi, parce qu'elle coordonne le forum politique du cercle. Donc, c'est malheureux. C'est malheureux. C'est à la limite des accusations diffamatoires envers une personne, qui n'a pas pu se defendre et completer cet article..."

Si hätt den Artikel am Lëtzebuerger Land "skandaléis" fonnt, sou d'Nicole Ikuku. D'Lëtzebuerger Land hat ufanks Mee gemellt, d'Véronique Faber wier matresponsabel fir ee Fall vu Mobbing beim Cercle de Cooperation. Am Artikel heescht et, d'Stater Aarbechtsgeriicht hätt eng Prozedur am Fall lancéiert.