De Grupp CFL stéing stabil do, mat zum Beispill enger Verschëldung, déi am Grëff wier, esou de Jeannot Waringo.
"Souwuel am Patrimoines-System, wéi am operative Geschäft, ass dee Betrib ganz gutt wéi en do steet" ass d'Feststellung vum President vum Verwaltungsrot nom Joer, an deem de gratis ëffentlechen Transport agefouert gouf, an an deem d'Corona-Pandemie d'Eisebunns-Gesellschaft staark getraff huet.
Beim Passagéier-Transport schwätzt de Generaldirekter Marc Wengler vun engem "staarken Afall" 2020. Zur Situatioun elo, am zweeten Trimester 2021 stellt hie fest:
"Et ass nach ëmmer wäit ënner deenen Zuele vun 2019. Mir mengen awer, datt dat lues a lues nees an d'Géigend vun där Trajectoire kënnt. (...) Mir wäerten sécher keen neie Rekord u Voyageuren dëst Joer hunn.
Wat de Fret-Beräich ugeet, wieren déi lescht Méint "relativ gutt verlaf". Och an den nächste Méint sollen et an dësem CFL-Geschäftsberäich "gutt Evolutioune" ginn, hofft de Generaldirekter.
"Ob dat elo de klasseschen Transport ass op der Schinn, oder ob dat Logistik-Prestatioune sinn oder Entreposage ass oder de kombinéierte Verkéier, wou mer jo elo nei Achsen... mir hunn elo réischt zanter Januar Rostock, wat mir mat offréieren. Dat heescht eist Netz gëtt ëmmer méi grouss: mir wäerten ëmmer méi performant an ëmmer e méi komplette Service kënnen ubidden."
D'CFL - déi viru 75 Joer gegrënnt gouf - beschäftegt haut iwwer 4.800 Leit: méi wéi 300 nei Leit goufen d'lescht Joer agestallt.