Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Villagers - You Lucky One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CGDIS an Apdikter hëllefen net bei Coronatester

Wéinst Personalmangel

CGDIS an Apdikter hëllefen net bei Coronatester

Souwuel de CGDIS wéi och d'Apdikter wieren den Ament net capabel fir bei de Coronavirus-Tester auszehëllefen. D'lescht Woch hat d'Gesondheetsministerin e Projet annoncéiert, bei deems et drëms geet zum Beispill Pompjeeën oder Apdikter duerch eng Zousazausbildung esouwäit ze kréien, datt si an den Testlaboen eng Hand mat kënnen upaken. Mee an de jeeweilege Secteure géif den Ament selwer mat engem Manktem u Personal gekämpft ginn.

auto_stories

2 min

De Rettungsdéngscht hätt der Santé scho matgedeelt datt een den Ament net déi néideg Ressourcen hätt fir an den Test-Laboen auszehëllefen, esou de Paul Schroeder, Direkter vum CGDIS. D'Ausfäll bei de ronn 800 haaptberuffleche Pompjeeë wieren an de leschten Deeg geklommen. Den Ament wieren eng 35 Leit an Isolatioun oder Quarantän. Dat éischt Zil wier et d'Missioun vum Rettungsdéngscht ze erfëllen éier ee kéint an den Test-Laboen aushëllefen. "An dat ass eben Alldag ze fueren, an eis Leit do zu Verfügung ze hunn." Hie kéint sech awer virstellen, datt de CGDIS Tester géif kréien, fir an den eegene Reien Tester duerchzeféieren. Och déi annoncéiert Schnelltester kéint een an den Ambulanze verfügbar maachen, esou datt d'Ambulancieren direkt Tester bei de Patiente maache kéinten.

Den Apdikter feelt Personal

Och bei den Apdikter wier et den Ament net méiglech an den Test-Laboen auszehëllefen, seet den Alain de Bourcy, President vum Syndikat fir d'Apdikter.

"Wa mir komplett confinéiert ginn, a mir maache just nach e minimal Service, a wa mir da Mataarbechter ze vill hunn, da kënne mir Leit proposéieren. Well déi Leit si forméiert, an déi kéinten effektiv hëllefe fir Prelevementer ze maachen. Mee esou laang wéi et esou weidergeet, d'Leit feelen eis elo schonn, ass dat onméiglech. Da kréie mir eis normal Aarbecht net assuréiert."

Eng aner Iddi, déi vun der Santésdirektioun opgeworf gi wier, wier datt d'Apdikter PCR-Tester an hiren eegenen Apdikte kéinten ubidden. Fir den Alain de Bourcy wier d'Infrastruktur allerdéngs net dofir ausgeriicht. De Risiko fir Personal a Patienten unzestieche wier ze grouss.

Als Syndikat kéint een natierlech kengem verbidden en Test-Zenter bei sech ze organiséieren, esou nach den Alain de Bourcy, mee esou eng Decisioun vum Ministère wier ee groussen Agrëff an d'Aarbecht vun den Apdikter.