Staatsbeamtegewerkschaft CGFP fuerdert "Unerkennung" fir Kriseleeschtung vu Staatsbeamten

D'Staatsbeamtegewerkschaft begréisst, datt d'Regierung och an der Kris weider wëllt investéieren. Den CGFP-Generalsekretär betount, et wier net de Moment fir eng Spuerpolitik ze maachen.

Rick Mertens (Interview) / Claude Biver (Web)

Steve Heiliger
De Steve Heiliger ass Generalsekretär vun der CGFP. Foto: Archiv

D'CGFP hätt relativ fréi d'Fro vum Krisefinanzement opgeworf an d'Solidaritéit vun der Fonction publique zum Ausdrock bruecht, seet de Steve Heiliger.

"Natierlech ëmmer ënner de Viraussetzung, datt mer dat paritéitesch maachen. Do muss jiddweree seng Responsabilitéit iwwerhuelen."

Et wier awer nach ze fréi fir ze soen, wéi dee Bäitrag kéint ausgesinn, esou de Steve Heiliger, et misst een ofweien, wann ee wéisst, wat d'Envergure vun der Kris ass a wat fir Efforte misste gemaach ginn.

De Steve Heiliger betount, d'Sacrificë misste paritéitesch tëschent Privatstéit an Entreprisen opgedeelt ginn. "Et kann net sinn, datt d'Fonction publique, oder iwwerhaapt d'Menagen, hei nees eng Kéier eleng zur Kees gebiede ginn."

D'CGFP huet rezent an engem Communiqué d'Unerkennung vun der "exemplarescher Aarbecht" vun der Fonction publique wärend der Kris gefuerdert.

De Steve Heiliger wëllt awer net vun enger finanzieller Approche schwätzen, et géifen aner Méiglechkeete ginn, déi diskutéiert misste ginn. D'Staatsbeamtegewerkschaft hätt sech e Gespréich mam zoustännege Minister erwaart, "mee dat ass komplett ofgeblockt ginn".

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Luc Frieden
Wirtschaft

De fréiere Finanzminister a President vun der Handelskammer Luc Frieden gleeft net un eng séier Reprise vun der Ekonomie. Et géif wuel dräi Joer daueren, bis een nees um Niveau vu virun der Kris ukomm wier.

Klaus Vögele
Etüd iwwer de psycheschen Impakt vum Confinement

Eng Etüd déi a sechs Länner gemaach ginn ass, wollt erausfannen, wéi eng Auswierkungen d'Confinementsmesuren op d'Psych vun de Mënschen hat. Spuenien, Italien, Frankräich, Schweden, Lëtzebuerg an Däitschland hu matgemaach.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen