Staatsbeamtegewerkschaft CGFP: Schlichtungsprozedur géint d'Regierung lancéiert

D'Staatsbeamtegewerkschaft huet gëschter Owend op hirer Comitéskonferenz eng Entrevue mam Premier Xavier Bettel gefuerdert, fir d'Fro vun der Privatiséierung am ganzen ëffentlechen Déngscht ze klären.

Carole Schimmer / tt

Steve Heiliger
De Steve Heiliger ass Generalsekretär vun der CGFP. Foto: Archiv

Lauschteren


Et géif vun der Pandemie profitéiert gi fir verschidde Gesetzesprojeten duerchzesetzen, déi a Richtung Privatiséierung géinge weisen, kritiséiert d'CGFP.

Eng Partie Verwaltunge vun de Gesetzesprojete viséiert

D'CGFP annoncéiert an deenen Dossieren ee Litige. Dëst ënner anerem fir de Gesetzesprojet zur Nominatioun vu Lycéesdirekteren, deen den DP-Educatiounsminister Claude Meisch zeréckgezunn hat, oder a Saache privat Sécherheetsfirmaen am ëffentleche Raum.

Weider Verwaltunge wieren och viséiert, de Steve Heiliger, Generalsekretär vun der CGFP: "Wann d'Politik an esou enger wichteger Fro net op d'Demande vun der CGFP reagéieren ze mussen, dann ass dat fir eis, ganz ganz uerg. An dofir huet d'CGFP och decidéiert an dësem Dossier ee generelle Litige ze maachen, an da muss mat eis geschwat ginn."

De Sozialdialog géing net funktionéieren

Schaarf Kritik gouf et op der Comitéskonferenz vun der CGFP géint de Minister vun der Fonction publique, de Marc Hansen. Hien hätt d'Meenung an d'Propose vun der Gewerkschaft bei der Ëmsetzung vu Covid-19-Mesurë beim Deconfinement guer net an Uecht geholl. D'Verwaltunge géife keng eenheetlech sanitär Reegelen applizéieren.

Et feelt u Sozialdialog, esou de CGFP President Romain Wolff: "Eréischt wou déi dräi national representativ Gewerkschafte sech gemeinsam zu Wuert gemellt hunn, ass eppes geschitt. An engem Land, wou d'Regierung ëmmer nees behaapt, de Sozialdialog géing gutt funktionéiert, gëtt esou eppes kee Sënn."

Weider fuerdert d'CGFP d'Ofschafe vum Bewäertungssystem, dee bei der Reform vun der Fonction publique ageféiert gouf, d'Ëmsetze vum Accord salarial an deene verschiddene Verwaltunge vum Staat oder nach eng nei Reegelung fir den Teletravail.

Méi zum Thema

Security
Sécherheet

D'Associatioun vun den agents municipaux a Gardes champêtres proposéiert op Bannhidder an der Stad Lëtzebuerg zeréckzegräifen. Si kéinten der Police de Réck fräihalen, wieren awer net do, fir sech ëm d'Drogeproblematik ze këmmeren.

Marc Hansen
Fonction Publique

De Minister vun der Fonction Publique seet, d'Staatsbeamtegewerkschaft géif "iwwerdreiwen", wa si behaapt, et géife "Privatiséierungstendenzen" an der Fonction Publique ginn.

Steve Heiliger
Staatsbeamtegewerkschaft

D'Staatsbeamte si bereet hire Bäitrag ze leeschte fir d'Kris ze finanzéieren, seet de Steve Heiliger. Wéi dee Bäitrag géif ausgesinn, kéint een eréischt ofweie wa kloer ass, wéi grouss d'Envergure vun der Kris ass.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen