Récktrëttsfuerderungen CGFP spillt Ball a Richtung Chamber

D'CGFP spillt am Dossier ronderëm d'Reaffektatioun vum SPAL-Gewerkschaftspresident Christian Schleck de Ball an d'Chamber. Den delegéierten Arméisminister Henri Kox hätt fälschlecherweis do op een Dokument verwisen, datt de Christian Schleck mat dem neie Posten averstane gewiescht wier, heescht et an engem Communiqué.

Françoise Keller / cbi

Henri Kox
Huet den Henri Kox bewosst Falschaussoen am Parlament gemaach? Foto: Archiv

D'Staatsbeamtegewerkschaft hätt awer eng schrëftlech Confirmatioun vun de Ministere Bausch a Kox, datt béid esou een Dokument net hätten. D'CGFP freet sech, ob den Henri Kox seng Aussoen deemno bewosst gemaach huet oder ob hien hanner d'Liicht geféiert gouf.

D'Chamber misst dëse Froen nogoen, éier d'CGFP op d'Récktrëttsfuerderunge vum SPFP géint d'Ministere Bausch a Kox kéint reagéieren. Eng Fuerderung, vun där sech souwuel d'Associatioun vun den Offizéier wéi d'Associatioun vun de Cadres supérieurs bei der Police distanzéieren.

D'Gewerkschaft vun de Forces publiques SPFP huet ufanks der Woch hir Basis aus Police an Arméi iwwer de Sträit mat den Autoritéiten informéiert. D'Gewerkschaft huet op en Neits kritiséiert, datt de Verteidegungsministère de Gewerkschaftler Christian Schleck wollt an der Arméi versetzen.

Méi zum Thema

Pascal Ricquier, Christian Schleck, Marc Kohnen
Streitfall Christian Schleck

De Syndicat vun de Forces publiques gëtt net op, an d'Affär Christian Schleck spléckt weiderhin d'Arméi, obwuel de President vun der Arméigewerkschaft SPAL säi Poste behält.

Christian Schleck SPAL
Arméi

De President vun der Arméis-Gewerkschaft Spal, de Christian Schleck, däerf op sengem Posten am Recrutementsbüro vun der Arméi bleiwen a gëtt bis op Weideres net versat. Dat confirméiert den Arméi-Minister François Bausch.

Alain Duschène
Arméigewerkschaft

De SPAL-President Christian Schleck hätt festgehalen, datt hien net Demandeur fir en neie Poste wier, bestätegt de Chef d'État-Major Alain Duschène. De Christian Schleck wier awer net strofversat ginn.

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen