Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brexit: Chamber besuergt, Regierung optimistesch

Brexitverhandlungen

Brexit: Chamber besuergt, Regierung optimistesch

Während enger Orientéierungsdebatt iwwer de Brexit an der Chamber hu sech d'Deputéiert besuergt gewisen, datt bis den Delai vum 31. Oktober eventuell keen Accord iwwer e geregelten Austrëtt vu Groussbritannien aus der Europäescher Unioun kéint fonnt ginn. Nom 31. Mäerz d'nächst Joer soll de Brexit a Kraaft trieden. D'Zäit leeft, mee déi britesch Regierung schéngt sech net eens ze sinn iwwer d'Positioun, déi ee bei de Verhandlunge mat der EU soll anhuelen. Trotz der aktueller Situatioun huet sech d'Regierung zouversiichtlech gewisen, och fir de Fall vun engem "no deal".

auto_stories

3 min

Foto: Chamber

D'Fro vun der Grenz mat Irland wier déi häertsten Noss bei de Verhandlungen, sou den Ausseminister Jean Asselborn. Trotz allem huet hie sech optimistesch gewisen. Hie wier optimistesch, datt och Groussbritannien "zur Ansicht kënnt, datt den 100-jäerege Krich, deen am 14. a 15. Joerhonnert war, och am 21. Joerhonnert net vun de Britte géif gewonne ginn".

CSV: "no deal net gutt fir Lëtzebuerg"

Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar, deen d'Orientéierungsdebatt ugefrot hat, huet ënner anerem op eng rezent Etüd vum Internationale Wärungsfong verwisen. Sollten d'EU a London keen Accord iwwer hiren Divorce an och keen neie Fräihandelsaccord ofschléissen, dann hätt dat negativ wirtschaftlech Konsequenzen ënner anerem och fir Lëtzebuerg, seet den CSV-Deputéierten.

Et wéilt ee weider keng Kiischtepickerei vu London, mee och keng Revanche-Bestrofung vum Kontinent. D'CSV wéilt e faire Réckzuch erreechen, bei deem keng Säit hiert Gesiicht verléiert. Och an Zukunft misst ee gutt mat der britescher Insel zesummeschaffe kënnen, souwuel um politesche wéi um wirtschaftleche Plang.

ADR: "Keng Bestrofungsmentalitéit unhuelen"

Fir den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser géif Lëtzebuerg ee wichtegen Alliéierten an der EU verléieren. Dat budgetäert Lach, dat d'Britten hannerloossen, géif een och zwéngen, d'Ambitiounen no ënnen unzepassen. Eng Bestrofungsmentalitéit géigeniwwer Groussbritannien wier awer net ubruecht.

Een Deal tëscht Groussbritannien an der EU wier onbedéngt néideg, net nëmme wéinst de méigleche Konsequenze fir Groussbritannien, mee och fir d'EU a fir Lëtzebuerg.

LSAP, DP, déi gréng: Keng Verlängerung vu Verhandlungen, och op "no deal" astellen a rout Linnen

Datt d'Verhandlunge kéinte verlängert ginn, fir de Partner e bësse méi Zäit ze loossen, huet den LSAP-Deputéierte Marc Angel als Spekulatioun zeréckgewisen. An den Ae vum DP-Deputéierten André Bauler missten d'Acteure vun der Lëtzebuerger Finanzplaz sech scho mol op een "no deal" astellen. Den Henri Kox huet sengersäits d'rout Linnen opgezielt, déi aus Siicht vu senger grénger Fraktioun an deem Beräich sollte gëllen.

Et sollt weider e staarke regulatoreschen Accord bestoe bleiwen. An dem Post-Brexit vum Pabeier dee virläit, géifen och Kritäre genannt, déi awer net präzis wieren.

"Super preparéiert": 37 Entreprisë vu London op Lëtzebuerg

Op d'Fro vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar no engem eventuelle Plang B, huet de Finanzminister Pierre Gramegna geäntwert, et wier een op een "no deal" virbereet. 37 Firmen hätten an Tëschenzäit schonn hire Sëtz vu London op Lëtzebuerg verluecht, respektiv hätten hir Filialen hei am Land verstäerkt. Ouni Accord géifen et der nach méi ginn.

Lëtzebuerg wier "super" preparéiert, et bräicht ee keng Extramesuren ze huelen, sou de Finanzminister. "A mir mussen eise Bäitrag an de 27 Länner leeschte fir datt mir fäerdeg bréngen, datt de Brexit net als Pretext geholl gëtt, fir Grenzen zouzemaachen."

Brexit-Zeenario huet Auswierkungen op Immobiliepräisser

Wéinst den Delokalisatioune vu London op Lëtzebuerg géifen all Mount tëschent 100 an 300 gutt bezuelte Leit heihi wunne kommen. Dat géif d'Immobiliepräisser an d'Luucht dreiwen, huet de Marc Baum, déi Lénk, ze bedenke ginn.

Dat wier fir d'Lëtzebuerger Gesellschaft e vill méi grousse Problem, wéi de Wonsch, nach weider Entreprisen aus der Finanzwelt vu London op Lëtzebuerg ze zéien.

"An dofir warnen mir, datt dat Schlëmmst wat kéint geschéien ass, datt mir net un eiser eegener Brexit-Gurmangsegkeet erstécken", sou de Marc Baum.