Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Swamp Dogg - Count The Days Feat. Jenny Lewis

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chamber hëlt Covid-Gesetz un

Corona-Mesuren

Chamber hëlt Covid-Gesetz un

Dat neit Covid-Gesetz gouf mat de Stëmme vun de Majoritéitsparteie gestëmmt. D'CSV huet sech enthalen, d'ADR an déi Lénk hunn dogéint gestëmmt. D'Gesetz gëllt vu muer un an dat bis den 28. Februar 2022.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

D'Gesetz féiert ënner anerem vum 15. Januar den obligatoreschen 3G-Modell op der Aarbecht an. Et muss een heifir also geimpft, geheelt, oder getest sinn.

Fir d'Kontroll ze vereinfache kann de Patron eng Lëscht maachen, wou hien den Numm an d'Gëltegkeet vum Zertifikat vun de concernéierte Persoune kann androen. Dëst Mesure ass awer fräiwëlleg an d'Lëscht muss, nodeems d'Gesetz ofgelaf ass, zerstéiert ginn.

2G an der Fräizäit

An Fräizäitberäich, wéi zum Beispill an der HORECA oder beim Sport, gëllt vu muer un den 2G-Regime, hei muss een also geimpft oder geheelt sinn, een Test wäert net méi duergoen.

Fir Jugendlecher tëschent 12 an 19 Joer kënne Sports- an Aktivitéiten an Associatiounen ënner dem 3G-Regime stattfannen. Fir Leit iwwer 19 Joer gëllt den 2G.

Bei all Aktivitéit, un där méi wéi zéng Persounen Deel huelen, gëllt och den 2G-Modell. Den Organisateur kritt och d'Méiglechkeet fir d'Identitéit ze iwwerpréiwen.

Ännerungen un den Tester

D'Gültegkeet vun den Tester geet erof: zertifiéiert Schnelltester sinn da just nach 24 Stonne gutt, ee PCR-Test ass fir 48 Stonne gutt.

Mam neie Gesetz kréien d'Membere vun der Arméi och d'Méiglechkeet Schnelltester ze zertifiéieren d'Apdikter och d'Méiglechkeet géint Covid-19 ze impfen.

Leit, déi sech eng Kéier impfe loossen, wäerte vu gratis Tester profitéiere kënnen.

Medezinesch Konterindicatioune beim Impfen

Och beim Covid-19-Zertifikat sinn Ännerunge virgesinn: Leit, déi eng medezinesch Konterindicatioun hu fir sech impfen ze loossen, kréien een deementspriechend Zertifikat.

Déi concernéiert Leit kënnen dann e PCR-Test oder e Schnelltest op der Plaz maache fir beim CovidCheck-Regime Deel ze huelen.

Alters- a Fleegeheemer

An de Alters- a Fleegeheemer gëllt an Zukunft och den 3G-Modell. Et muss een also entweder geimpft oder geheelt sinn, oder en Zertifikat virleeë kënnen, datt een eng medezinesch Konterindicatioun huet. Alternativ kann een och e PCR-Test virweisen oder e Schnelltest op der Plaz maachen.

D'Prestatairen a Leit am Kontakt mat Bewunner vun den Alters- a Fleegeheemer falen ënner de selwechte Regime, mam Ënnerscheed, datt si zousätzlech ee Schnelltest op der Plaz maache mussen.

Impfungen an Tester bei Kanner

Am neie Gesetz kréie Kanner vu 16 Joer un d'Méiglechkeet, sech ouni den Accord vun den Elteren impfen oder testen ze loossen. Bei Kanner tëschent 12 a 15 Joer muss just een Elterendeel d'Accord sinn.

Rassemblementer

Dat neit Gesetz gesäit och Ännerunge bei de Rassemblementer vir:

  • 1-10 Leit: keng Restriktiounen.
  • 11-50 Leit: Zwee Meter Ofstand an ee Mask. Et besteet och d'Méiglechkeet CovidCheck anzeféieren. Privat Evenementer, déi ënner dem 3G-Reime ofgehale ginn, mussen der Direction de la Santé gemellt ginn.
  • 51-200 Leit: Zwee Meter Ofstand, et muss ee sëtzen an d'Mask muss ugedoe ginn. Et besteet awer d'Méiglechkeet CovidCheck anzeféieren.
  • 201-2.000 Leit: den 2G-Regime ass obligatoresch, ausser fir Demonstratiounen, den ëffentlechen Transport a Spadséiergäng dobaussen.
  • Iwwer 2.000 Leit: D'Direction de la Santé muss ee sanitäre Protokoll virgeluecht kréien an deen och approuvéieren.