Radioen

On air

De Moien  |  Gengahr - Heavenly Maybe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chamber stëmmt fir Verlängerung vu Mesuren

Corona-Mesuren

Chamber stëmmt fir Verlängerung vu Mesuren

D'Chamber huet mat de Stëmme vun der Majoritéit eng Verlängerung vun de sanitäre Moossnamen bis de 25. Abrëll gestëmmt. Bei engem separate Vott iwwer d'Reouverture vun den Terrassen vu Caféen an Restauranten vum 7. Abrëll un huet d'Chamber gréng Luucht ginn.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

D'Terrassen kënnen da vum 7. Abrëll u vu moies 6 Auer bis owes 18 Auer op sinn. Un engem Dësch dierfen da just zwou Persounen aus verschiddenen Stéit zesummesëtzen. Familljen oder Persounen, déi ënner engem Daach liewen, dierfen och zesummen un een Dësch.

Tëschent den Dëscher muss eng minimal Distanz agehale vun 1,5 Meter ginn, oder duerch Plexiglas getrennt sinn. Eng weider Moossnam déi d'Regierung virgesinn hat, nämlech d'Aféiere vun engem Regëster vun den Clienten, gouf an der Santéskommissioun gestrach.

D'Chamber huet och gréng Luucht ginn fir d'Verlängerung vum Congé pour raisons familiales bis de 17. Juli, bis d'Summervakanz ugeet. Et ass déi véiert Verlängerung vun där Moossnam. Elteren vu Kanner vu manner ewéi 13 Joer oder vu Kanner mat spezifeschen Vulnerabilitéiten kënnen dëse spezielle Congé ufroen, wann d'Schoulen oder Crèchen mussen zoumaachen.