Parlament Chamber: Vott vun doheem fir Deputéiert a Quarantän?

D'Deputéiert kënne méiglecherweis deemnächst vun doheem aus iwwer Gesetzer ofstëmmen, wa si a Quarantän sinn, esou de Generalsekretär vun der Chamber Laurent Scheeck. Et géif "intensiv" dru geschafft gi fir Deputéiert a Quarantän per Video an d'Plenièressëtzunge kënne bäizeschalten.

Rick Mertens (Interview) / Claude Biver (Web)

Laurent Scheeck
De Laurent Scheeck ass Generalsekretär vun der Chamber

D'Chamber géif riskéiere fir net méi beschlossfäeg ze sinn, wann ze vill Deputéiert a Quarantän sinn, erkläert de Laurent Scheeck. Schaltunge sollen awer just fir d'Dauer vun der Corona-Pandemie méiglech gemaach ginn, esou de Laurent Scheeck, an déi genee Reegelen dofir missten nach an der zoustänneger Chamberkommissioun festgehale ginn.

Esou Pläng hätt ee schonn iwwer Méint studéiert, seet de Generalsekretär vun der Chamber.

"Mir hunn awer wärend dem Etat de crise dovun ofgesinn op déi Schinn ze goen, well mer zu där Zäit fonnt hunn, et wier wichteg, datt d'Chamber physesch visibel ass, an datt d'Deputéiert zesummen an engem Raum sinn, fir esou wichteg Gesetzer wéi d'Covid-Gesetzer, ze stëmmen."

D'Kris géif sech elo awer an d'Längt zéien, an et géif de Risiko ginn, datt een oder méi Deputéiert a Quarantän sinn - et bräicht een awer e Quorum vun 31 Deputéiert, datt Gesetzer kënne gestëmmt ginn.

D'Chamber géif deemno kucken, wéi een dat technesch kéint ëmsetzen, mee och wéi dat vun der Constitutioun hir méiglech ass - och d'Chambersreglement misst dofir adaptéiert ginn.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Fernand Kartheiser
Fernand Kartheiser

D'ADR kritiséiert d'Manéier, wéi déi nei Covid-Restriktiounen ënner groussem Zäitdrock duerch d'Instanze gehetzt gi sinn. D'ADR wäert déi nei Covid-Mesüren deemno och net matstëmmen, esou den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.

Jean-Claude Franck Kommentar
Gestioun vun der Corona-Pandemie zu Lëtzebuerg

Och wann zu Lëtzebuerg am Kampf géint d'Corona-Pandemie villes richteg gemaach gouf, sinn och Feeler geschitt, an déi mussen opgeschafft ginn, mengt den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck an enger Chronik.

Frank Wies Meenung
Covid-19-Gesetzer

Well haut den État de Crise ausleeft, hu séier misse Gesetzer gestëmmt gi fir déi provisoresch Pandemie-Mesuren ze verlängeren. Dat huet hirer Qualitéit net gutt gedoen, fënnt den Affekot Fränk Wies.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen