Radioen

On air

De Moien  |  Peaches - Talk To Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chamberblietche just nach als Abonnement disponibel

Chamber

Chamberblietche just nach als Abonnement disponibel

D'Chamberblietche mat der Transkriptioun vun de Chamberssëtzunge wäert vum nächste Joer un nëmmen nach als Abonnement disponibel sinn. D'Zeitunge wäerten et net méi publizéieren. Dat sot eis de Chamber-Generalsekretär Laurent Scheeck.

auto_stories

1 min

De Laurent Scheeck ass Generalsekretär vun der Chamber. Foto: Archiv

Den Abonnement géif gratis ginn, fir d'Produktioun vum Chamberblietchen an digitaler a Pabeier-Versioun, wäert d'Chamber en Appel d'offre maachen. Fir "Spezial Editiounen" soll weider mat Zeitungen zesummeschafft ginn.

De Laurent Scheeck sot eis: d'Chamber wéilt eng "indirekt Pressehëllef" duerch d'Publikatioun vum Chamberblietche verhënneren. D'Affär ëm déi bezuelten, digital Publikatioun vum Blietchen am Journal hätt gewisen, datt eng Upassung néideg wier. Dofir géif d'Chamber elo op de Wee vun engem gratis Abonnement goen.