Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chamberleak: Chamber iwwerhëllt voll Responsabilitéit

#CHAMBERLEAK

Chamberleak: Chamber iwwerhëllt voll Responsabilitéit

Gutt véier Méint no de Chamberleaks huet d'Chamber decidéiert hir Informatik ganz nei opzebauen. Dat huet d'Chamber de Mëtteg virun der Press matgedeelt. Domat ginn d'Recommandatioune vu staatlechen a privaten Experten ëmgesat.

auto_stories

2 min

Entrée vun der Chamber

Hiren Audit kënnt zur Konklusioun, datt intern an ëffentlech Dokumenter informatesch vunenee getrennt musse ginn. Et gëtt e Comité vun Experte gegrënnt fir d'Ännerungen ëmzesetzen an d'Chamber wëllt eng formell Zesummenaarbecht mam staatlechen Informatikdéngscht CTIE an dem Informatik-Noutdéngscht GovCert. De Chamberpresident huet zouginn, datt dat net vun haut op muer geet, an datt dat vill kaschte wäert. Wéi vill, wéisst een nach net.

Informatiounen net u politesch Responsabeler geleet ginn

De GovCert hat der Chamber zejoert schonn offréiert fir eng Konventioun ofzeschléisse fir zesummen ze schaffen. Dës Informatioun war awer net bis bei déi politesch Responsabel vun der Chamber komm. Et wier elo séchergestallt ginn, datt esou Offeren an Zukunft un d'Spëtzt vun der Chamber weidergeleet ginn, sou de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo.

Informatesch Equipe hat net déi néideg (personell) Moyenen

D'Chamber wier schonn 2012 op eng Faille an hirem System opmierksam gemaach ginn, seet de Mars Di Bartholomeo.

Well d'Chamber zu deem Zäitpunkt awer sou eng kleng informatesch Equipe gehat hätt, hätt dës hir Prioritéite missten op dat Noutwendegst begrenzen. Dat géif, dem Mars Di Bartolomeo no och erklären, firwat deem Incident eventuell net direkt genuch Opmierksamkeet geschenkt gouf.

Wat d'Faille ugeet, déi am Mäerz dëst Joer vum radio 100,7 opgedeckt gouf, iwwerhëlt d'Chamber déi ganz Responsabilitéit, seet de Chamberpresident.

"Et ass och heiansdo gemengt ginn, mir géife mam Fanger op d'Kolleegen aus der Press weisen, a mir géifen eis aus der Verantwortung eraushuelen. Ech wëll ganz kloer soen, datt mir eis verantwortlech fille fir déi dote Faille. Mir iwwerhuelen déi Verantwortung och voll a ganz."

Geneeën Ausmooss vu Faille net bekannt

Op Chamber.lu ware méi wéi 12 Méint laang intern a sensibel Dokumenter zougänglech. Ob an där Zäit, soss nach iergendeen Zougrëff op dës Dokumenter hat, konnt de Mars Di Bartholomeo net mat Sécherheet soen.

"Ech kann iech just soen, datt et kee systemateschen a keen automatiséierten Zougrëff ginn ass." Theoretesch bestéing d'Méiglechkeet, datt weider Donnéeën ofgefloss sinn, mee dat wier net mat absoluter Sécherheet festzestellen, sou de Chamberpresident.

Justiz enquêtéiert weider

D'Enquête vun der Justiz ass nach am Gaang: am Mee goufen zwee Journaliste vun dësem Radio vun der Police judiciaire gehéiert an et gouf och eng Perquisitioun beim radio 100,7.