Radioen

On air

De Moien  |  Mildlife - Yourself

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chamberwahlen: Eng Analys

Chamberwahlen 2018

Chamberwahlen: Eng Analys

auto_stories

4 min

Jean-Claude Franck

Sophie Morang: Et gouf Stëmmeverloschter fir d'CSV, d'LSAP an d'DP, zu Gonschte vun déi gréng, de Piraten an och der ADR. Dat ass de Resumé vun de Chamberwahlen. D'Resultat ass eng Iwwerraschung, well d'Weiderféiere vun der Gambia-Regierung eigentlech méiglech ass. Ass dat d'Haaptoptioun de Moien?

Jean-Claude Franck: Dat ass kloer d'Haaptoptioun, déi envisagéiert gëtt. Déi dräi Parteien hu sech an der Nuecht nach am Staatsministère getraff. D'Aussoen, déi een do héieren huet, waren och kloer. Dat ass schonn eng Iwwerraschung, well déi mannste Leit dru gegleeft haten, datt si nach eng Kéier eng Majoritéit géife kréien. D'Sondagen hate jo eppes anescht virausgesot. Dat ass alt nees eng Kéier eng Lektioun, datt ee soll Sondagë wierklech mat Virsiicht genéissen.

Dräierkoalitioun kënnt elo op 31 Sëtz, do muss ee sech da ganz kloer um Programm eens sinn.

Déi Diskussioun wäert scho spannend ginn. Eng LSAP, déi eng 38 Stonnewoch a méi Congé freet an déi géint eng Baisse vun der Betribsbesteierung ass. Op der anerer Säit eng DP, déi mat deene Saache wahrscheinlech guer net gutt Liewe kann. déi gréng, déi gestäerkt gi sinn a sech och do mussen erëmfannen. Programmatesch gëtt déi Koalitioun net einfach, et wäerten nach vill Gespréicher musse geféiert ginn.

Et huet gëschter relativ laang gedauert, bis déi Resultater do waren. U sech war erwaart ginn, datt dat éischter méi kloer wier, war et awer net. Wéini war et an dengen Ae kloer, datt d'Dräierkoalitioun effektiv nach eng Kéier eng seriö Optioun wier?

Wéi et bis arithmetesch méiglech war a wéi dës Koalitioun bis op 31 Sëtz war an de Xavier Bettel du viru seng Basis getrueden ass. Do huet een eraushéieren, datt d'Regierungsaarbecht vum Xavier Bettel gelueft ginn ass, an datt de Xavier Bettel kloer fir déi Optioun vun der Dräierkoalitioun wier. Hien hat jo zwou Optiounen: Hien hätt kënne mat der CSV an eng Koalitioun goen, do wier hien awer net Premier ginn, mee do hätt d'CSV wëllen de Premier stellen, well d'CSV a Sëtzer méi staark ass. Dofir huet de Xavier Bettel, wahrscheinlech de Choix getraff, fir an déi Richtung vun der Dräierkoalitioun ze goen.

Du schwätz an der Vergaangenheet, "do hätt de Xavier Bettel da missen de Premierposten un de Claude Wiseler ofginn", dat heescht, déi Saach ass giess.

Déi Saach ass zimlech kloer, och wa se dat elo nach net esou kloer soen, well do musse jo natierlech nach Gremie gefrot ginn. Et muss ee lo ofwaarden, datt de Grand-Duc een Informateur nennt. Do kommen also nach eng Partie prozedural Schrëtt. Mee et zweiwelt de Moien awer kee méi drunn, datt d'Dräierkoalitioun wäert virumaachen.
Vun deem Moment un, wou si soen "mir wëllen zesumme weiderfueren", huet d'CSV eigentlech och guer keng Optioun méi, wann d'CSV kee Partner huet. Deen Eenzegen dee géif a Fro kommen, wier jo d'DP. De Xavier Bettel huet ganz kloer a Richtung vun der Dräierkoalitioun plädéiert an net a Richtung vun enger CSV-DP-Regierung.

Do muss ee jo och soen, datt d'CSV net de Wahlgewënner ass. D'CSV war ugetrueden, fir eng staark Fraktioun an der Chamber ze kréien. Si falen, an der Oppositioun, vun 23 op 21 Sëtz. Dat hätt keen erwaart. Wat ass deng Erklärung dofir?

29 Sëtz haten se am Mee 2017 an elo si se bei 21. Dat ass ee risegen Ënnerscheed. D'CSV weess, mengen ech, datt se eng schwaach Campagne geféiert huet. Als Oppositiounspartei ass ee jo awer den Challenger vun enger Regierungsaarbecht. Si waren awer ganz passiv, de Spëtzekandidat war och ganz passiv. Dobäi kënnt, datt déi ekonomesch Situatioun zu Lëtzebuerg an de leschte Méint immens positiv ass an datt d'Beneficer vun enger Steierreform bei de Leit ukommen.

De Philippe Poirier vun der Uni Lëtzebuerg sot jo och rezent hei op der Antenn, datt déi ekonomesch Situatioun de Leit ganz wichteg ass, dat géifen Etüden esou weisen. Wann d'ekonomesch Situatioun gutt ass, da profitéiert eng Regierung natierlech um Enn vun hirem Mandat dovunner.

Et muss een elo kucken, ob d'CSV an den nächste fënnef Joer bësse méi aggressiv optrieden.

Ech ginn dovun aus, datt bei der CSV awer och nach wäerte Käpp rullen.

D'LSAP verléiert dräi Sëtz an huet domat och e Problem.

Jo, zéng Sëtz ass dat niddregste Resultat, wat d'LSAP zanter dem Zweete Weltkrich hat. Hätt se nach ee Sëtz verluer, da wieren se an d'Oppositioun gaangen. Dat war gëschter Owend sou géint sechs, siwen Auer, d'Echoen, déi een aus der LSAP héieren huet. Wou et dono bei minus dräi bliwwen ass, hu se sech domat zeréckgehalen. Et kéint ee sech erwaarden, datt verschidde Leit an der LSAP soen, "soll een net awer an d'Oppositioun goen a Lektiounen doraus zéien". Op där anerer Säit, wann d'Muecht rifft, da sinn natierlech och vill Leit interesséiert, fir do matzemaachen.