Radioen

On air

De Moien  |  Bullion - World-train

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chambre de Commerce: Staatsbudget steet op "fragille Fundamenter"

Staatsbudget 2023

Chambre de Commerce: Staatsbudget steet op "fragille Fundamenter"

De Staatsbudget fir 2023 steet op fragille Fundamenter. Zu där Conclusioun kënnt d'Chambre de Commerce an hirem Avis zum Budgetsprojet fir d'nächst Joer. Grond sinn déi aktuell Krisen.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Sécher ass aus Siicht vun der Chambre de Commerce just, datt d'Depensë wéinst de verschiddene Krise wéi dem Krich an der Ukrain an der Inflatioun weider wäerte klammen. D'Recettë géifen doduercher iwwerdeems weider falen.

Dat géif bedeiten, datt och d'Steiere missten eropgesat ginn fir déi Entwécklung ze kompenséieren. Dobäi missten déi fir d'Betriber aus Sicht der Chambre de Commerce eigentlech mëttel- bis laangfristeg erofgoen, fir datt ee weiderhi kompetitiv kéint bleiwen.

Och wann et de Betriber aus verschiddene Secteure gutt géif goen, sou géif awer allgemeng d'Rentabilitéit ofhuelen, esou den Direkter vun der Chambre de Commerce, Carlo Thelen:

"Justement wa si net déi Präishaussen un de Consommateur final weiderginn, dann ass et jo kloer, datt sech dat direkt op hier Rentabilitéit, op hir Margë reperkutéiert. An domadder kënne se dann och manner investéieren, moderniséieren, innovéieren, an en fin de compte och manner Steiere bezuelen, well wann d'Margen an d'Beneficer erofginn, da ginn och manner Steiere bezuelt."

Strukturell Problemer bei der Planung vum Budget

An der Chambre de Commerce wéisst een och, datt et fir de Staat ganz schwéier war, an dësen Zäiten ee Budget opzestellen. Trotzdeem ginn et eng Rei Punkten, un deenen ee sech stéiert.

Sou wier d'ëffentlech Schold an de leschte fënnef Joer ëm 10 Milliarden Euro geklommen. Dat mech der Chambre de Commerce Suergen, well och ouni Kris wier se ëm siwe Milliarde geklommen.

Fir de Carlo Thelen een Zeechen, datt et strukturell Problemer bei der Budgetsplanung ginn:

"Déi konjunkturell, déi politesch Situatioun ass schwiereg mat deem Krich an Europa a mat der Inflatioun. Déi Päck, déi ee maache muss fir d'Wirtschaft ze stëtzen, déi kaschten deier, dat ass gewosst. Mee mir hunn awer och strukturell Problemer, déi mir, iwwer all déi Joren, wou et besser gaangen ass, net attackéiert hunn, a wou mir och wärend deene gudde Joren net genuch Reserven ugeluecht hunn, déi mir lo gebraucht hätten, fir lo besser duerch déi Kris ze kommen."

Konkret handelt et sech dobäi em déi sëllege Subventiounen a gratis Prestatioune vun deenen d'Leit ëmmer méi profitéiere kënnen. Do misst d'Regierung méi selektiv sinn a net mat der Géisskan iwwerall a jiddwerengem hëllefe goen.

Wann den Trend unhält, géif de Budget ëmmer weider wuessen, an et wier bekanntlech schwéier dovunner rëm zeréckzekommen. Schliisslech kéinten d'Recetten och net an d'Onendlecht wuessen, sou nach de Carlo Thelen.