Offallgesetz Chambre des métiers fuerdert Ännerungen u Gesetzesprojeten

D'Handwierkerkammer fuerdert eng Ofännerung vun den dräi Gesetzesprojeten zur Offallgestioun an zu de Verpackungen. D'Gemenge sollen ewéi bis elo fir d'Gestioun vum privaten Offall verantwortlech sinn. Den Offall vu Betriber an Industrie soll nom Prinzip vum Privatmarché geréiert ginn. Am Projet de Loi zum Offall ass awer een Ausbau vun de Gemengekompetenzen an deem Beräich geplangt.

Carole Schimmer / cbi

Recycling
Symbolbild. Foto: Bigstock / DevinQuotes

Lauschteren


Den Ëmweltministère huet am Projet de Loi iwwer d'Verpackungen ënner anerem ee Vidangesystem virgesinn. Vum nächste Joer u sollen och Uebst a Geméis net méi a gratis Barquetten oder aner Verpackunge aus Plastik verkaf ginn. Fir den Ament wier een nach net prett fir déi Moossnam ëmzesetzen, seet d'Handwierkerkammer.

Ekologesch sënnvoll Alternativen zum Plastik

Verpackunge fir Liewensmëttel musse jee no Contenu Krittären erfëllen, fir déi een ekologesch sënnvoll Alternative muss fannen, betount d'Anne Majerus, technesch Beroderin vun der Handwierkerkammer.

Plastik kéint een zwar einfach recycléieren, mee wann et sech ëm plastifizéierte Kartrong handelt, wier dat méi schwiereg. Et misst een de Betriber dofir Zäit gi fir ekologesch sënnvoll Alternativen ze fannen.

Vidangesystem: Bedenke vun der Chambre des métiers

Kritesch ass d'Handwierkerkammer och vis-à-vis vum geplangte Vidangesystem, dee méi wäit geet ewéi dat, wat an Däitschland de Fall ass, seet d'Anne Majerus. Vill Gedrénks, dat zu Lëtzebuerg kaaft gëtt, géif net hei am Land produzéiert oder agefëllt ginn.

D'Fro géif sech stellen, ob déi Fläschen dann alleguerten op eng zentral Plaz geliwwert misste ginn, wou se dann etikettéiert ginn. "Wier dat ekologesch da sënnvoll?", freet d'Anne Majerus.

Kleng Geschäfter misste bei engem Vidangesystem och eng Plaz virgesinn fir déi Verpackungen ze stockéieren.

Schwiereg ëmsetzbar wier den Asaz vun Mehrwegverpackungen fir verschidde Metieren. D'Anne Majerus gëtt d'Beispill vum Bäcker, wou een da misst d'Tut vun de Bréidercher extra bezuelen, wärend een am grousse Supermarché d'Tut vun de gefruere Bréidercher net misst extra bezuelen.

Beim Aféiere vun Verpackungs-Sammelplazen nom Model vum Pilotprojet um Houwald ass d'Handwierkerkammer net strikt dogéint. Nach misst een déi Moossnam an der Praxis kënnen ëmsetzen.

Méi zum Thema

Recycling
Lëtzebuerg

D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg muss den Text fir en neit Offallgesetz nach eemol zolidd op de Leescht huelen. De Staatsrot huet mat enger ganzer Rei vu formellen Oppositiounen e ganz kritesche Bléck op de Gesetzesprojet gehäit.

Carole Dieschbourg
Offall

D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg verteidegt sech virun de Kriticke vun der Valorlux. D'Valorlux hätt bei der Millen Dieschbourg aneschters gehandelt ewéi bei aneren Entreprisen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen