De Félix Braz freet sech driwwer, datt de Staatsrot d'Demarche vun der Regierung gutt heescht, en nationaalt Gesetz zur Vermummung ze maachen. Dëst wier mat kommunale Reglementer net hinzekréien. D'Zil wier et, de "vivre ensemble" ze garantéieren. De Justizminister hätt och kee Problem dermat, d'Lëscht vun de Plazen, op deenen ee säi Gesiicht net däerf verstoppen, ze vervollstännegen an ze preziséieren. Et wier zwar eng kniwweleg Erausfuerderung, mä et misst awer méiglech sinn, mengt de Félix Braz.
Allerdéngs schéngt de Felix Braz de Moment net bereet ze sinn, op de Grondprinzip vu sengem Gesetz - nämlech e Vermummungsverbuet just op enger Rei prezis definéierte Plazen - ze verzichten, fir der CSV entgéint ze kommen. Hien hält eng méi nuancéiert Approche fir déi richteg an invitéiert d'CSV, sech un dëser nuancéierter Diskussioun ze bedeelegen.
Méi laangen Text
Den Text ze verbesseren, géing de Gesetzprojet allerdéngs och méi laang maachen, mengt de Justizminister:
"Et ass kloer, datt dat den Text wäert zimlech staark verlängeren. Dee relativ kuerzen Text mam Article unique wäert mat Sécherheet net duergoen. Wa méi Prezisioun gefuerdert ass, heescht dat och méi legislativen Text, dat heescht dann och, datt en Deel vum Commentaire des articles - oder de l'article an deem heite Fall - wäert mussen an den Texte législatif opgeholl ginn."
Chance fir Kompromëss
D'CSV plädéiert fir e Vermummungsverbuet fir de ganzen ëffentleche Raum. De Gilles Roth an de Laurent Mosar haten eng eegen entspriechend Proposition de loi ausgeschafft.
Den LSAP-Fraktiounschef huet direkt no der Publikatioun vum Avis scho gëschter Owend per Twitter seng Hoffnung ausgedréckt, datt elo vläicht awer nach e Kompromëss tëscht béiden Approchë méiglech wier:
Nicht nur der Regierungstext zum Vermummungsverbot muss nachgebessert werden , auch die CSV/ADR Initiative . Chance für einen Kompromiss? https://t.co/oDC19T76aZ
- Alex Bodry (@AlexBodry) November 21, 2017
Am 100,7-Interview sot den LSAP-Fraktiounschef, datt "wann de Wëllen do ass, sech eens ze setzen, ee sech och kann eens setzen". Et hätt een dat scho beim Nationalitéitegesetz fäerdegbruecht.
CSV: Keng Konzessioun
Och den CSV-Deputéierte Laurent Mosar weist sech zu engem Kompromëss bereet. Op enger Pressekonferenz sot hien: "Et geet eis hei wierklech drëm, datt mir sou séier wéi méiglech e kloert Gesetz kréien, wat dat Vermummungsverbuet am ganze Land regelt." D'CSV wier allerdéngs net bereet, dëse Kompromëss anzegoen, wann déi fundamental Iddi, nämlech e generellt Vermummungsverbuet am gesamten ëffentleche Raum, géif a Fro gestallt ginn.
D'ADR huet per Communiqué matgedeelt, datt hiren Deputéierte Fernand Kartheiser schonn 2014 eng Gesetzpropositioun fir e generelle Vermummungsverbuet abruecht hätt, déi 2015 vum Staatsrot aviséiert gi wär - ouni Opposition formelle.
Bäiträg vum Maurice Molitor:
Hannergrënn zum Avis vum Staatsrot:
Reaktioune vum Félix Braz an Alex Bodry:
Reaktioune vum Félix Braz a Gilles Roth: