Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Real Estate - Airdrop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chancëgläichheet an der Schoul ass kee politescht Zil

Fräie Mikro

Chancëgläichheet an der Schoul ass kee politescht Zil

Haut ass Schoulufank fir d'Kanner aus dem Primär. E Moment, wou d'Hoffnunge vun den Elteren op gutt Schoulresultater nach grouss sinn. An e gudde Moment fir ze kucken, wéi et ëm d'Chancëgläichheet an der Schoul steet, fënnt d'Laura Zuccoli, Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen, am Fräie Mikro.

auto_stories

4 min

D'Laura Zuccoli ass Biergerrechtlerin a fréier Presidentin vun der ASTI. Foto: Archiv

Fir all Schoulrentrée ginn nei Mesurë vum Erzéiungsministère ugesot: Pilotprojete mat Alphabetiséierung a franséischer Sprooch, gratis Betreiung a Recht op Hausaufgabenhëllef an de Maison Relaisen, nei international Schoulen, a villes méi.

All dës Efforte si luewenswäert a verlaange vill Engagement an Aarbecht vun den Enseignanten an dem Betreiungspersonal. Mee gëtt domat de Problem vun der Chancenongläichheet an der Schoul tatsächlech ugepaakt?

Problem bei der Chancëgläichheet: zanter 40 Joer bekannt

Am Bildungsbericht vun 2018 steet, datt "d'Diminutioun vun de Méiglechkeeten, déi de sozial schwaache Schüler ugebuede ginn an d'Augmentatioun vun de Méiglechkeeten, déi de Privilegiéierten zegutt kommen, bréngt eng Erhéijung vun de sozialen a gesellschaftlechen Ongläichheete mat sech". Esou Feststellunge si fir eise Schoulsystem eng kal Dusch.

Schonns an der MAGRIP-Etüd vun 1978 gouf op d'Schoulschwieregkeete vun de Kanner aus dem Aarbechtermilieu higewisen. Deemools waren nach 84 Prozent vun de Schoulkanner Lëtzebuerger.

De Bildungsbericht vun 2021, grad ewéi eng sëllegen Etüde virdrun, ënnersträicht, datt d'Chancëgläichheet fir Kanner aus nidderegen, sozioekonomesche Gesellschaftsschichten an dacks mat Migratiounshannergrond schlecht sinn a sech mat der Pandemie nach verschlechtert hunn.

Hir Retarden am 3. Schouljoer sinn héich an duerno kaum nach opgeholl kënne ginn. Zanter méi ewéi 40 Joer ass de Problem also schonns bekannt.

Eng Katastroph fir d'Land a fir d'Leit

Bis elo hunn d'Kanner sech ëmmer missen un d'Schoul adaptéieren, amplaz d'Schoul un déi sozioekonomesch an demografesch Realitéite vum Land unzepassen.

Wann 41 Prozent vun de Lëtzebuerger Kanner an de Classique orientéiert ginn, an nëmme 16,5 Prozent vun de Kanner, déi doheem kee Lëtzebuergesch schwätzen, dann ass dat net well dës Kanner oder hir Eltere méi domm wieren, mee well se iwwer d'Sprooch diskriminéiert ginn.

Dat si vill kleng Katastroph fir déi betraffe Kanner, mee et ass och eng grouss Katastroph fir eist Land, well mer e risegen Deel vun eisem mënschleche Potenzial net notzen.

Een éischte Projet

D'Populatioun an eiser Schoul huet sech rasant geännert. De Prozentsaz un Auslännerkanner war nach ëmmer héich, mee d'Zuel vun de Länner, aus deene se hierkommen, ass an de leschte Joren explodéiert.

Nëmme 34 Prozent vun de Schoulkanner schwätze Lëtzebuergesch doheem, virun zéng Joer waren dat der nach 46 Prozent.

Dëse Summer - no engem hallwe Joerhonnert massiver Immigratioun - ass dann endlech emol e Projet de loi deposéiert ginn, deen am Bildungsministère d'Schafung vun engem Service Intégration et Accueil virgesäit.

Etüde beleeë scho laang, datt vill Auslännerkanner trotz dem Precoce an der obligatorescher Spillschoul net iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch un d'Schreiwen a Liesen op Däitsch erugefouert kënne ginn.

No Joerzéngte vum Näischtmaache gëtt elo endlech en éischte Pilotprojet mat Alphabetiséierung a franséischer Sprooch an de Primärschoule vun Déifferdeng, Diddeleng, Fiels a Schëffleng lancéiert.

Fundamental Ännerungen dränge sech op

Trotz international Schoulen - wou mëttlerweil 12 Prozent vun alle Schüler ageschriwwe sinn, gëtt et fir Kanner aus sozial schwaache Milieuen nach wéineg Mesuren.

D'Aféiere vun enger Hausaufgabenhëllef ass am Usaz gutt, muss awer duerchduecht an differenzéiert un d'Kanner ugepasst ginn, soss bleift se fir Schoulreussite vun de sozial Schwaachen eng Drëps op e waarme Steen.

Aner fundamental Ännerungen am Schoulsystem dränge sech op: spezifesch individuell Ënnerstëtzung an an ausserhalb vun der Klass, differenzéierten Unterrecht am Klassesall, Ganzdagsschoul, kee Redoublement, a.s.w.

Iwwer den Tronc commun, also d'Schoulorientéierung eréischt mat 15 Joer, deen an de 70er Joren en Theema war, gëtt iwwerhaapt net méi geschwat.

Fir méi Chancëgläichheet an eiser Schoul brauche mer net nëmmen Etüden, mee méi fundamental Changementer! A virun allem politesche Courage am Interessi vun alle Matbierger - also och deenen, déi net wielen!


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.