Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - All Written Out In Numbers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chantier an der Chamber

Chambre des Députés

Chantier an der Chamber

Bis d'Rentrée sollen d'Aarbechte fäerdeg sinn. Ënner anerem soll d'Fernsehiwwerdroung vu Chamber TV moderniséiert ginn, erkläert de Jean Grotz, Responsabele fir d'Gebaier vun der Chamber.

auto_stories

4 min

Jean-Grotz: Dat Ganzt huet am Fong virun zwee Joer ugefaangen, wéi mir realiséiert hunn, datt eis al Fernsehkamerae vu Chamber TV net méi vun de Constructeure géife supportéiert ginn, an datt mir dofir neier bräichten. Et huet sech dobäi awer erausgestallt, datt och de Cablage net méi deem entsprécht, wat gebraucht gëtt. An engem ale Gebai wéi der Chamber heescht dat, datt ee muss Sailen opmaachen, wou d'Kabelen deelweis dra verpecht a vergipst sinn. Mir mussen och kënschtleche Buedem ophiewen, deen awer net - wéi an engem moderne Gebai - en technesche Buedem ass, mee dee gouf vun engem Schräiner op d'Mooss gemaach ginn. Dat huet dozou gefouert, datt mer ee Strip-down vum Gebai musse maachen, fir déi nei Kabelen eranzekréien. Mir hunn dee Moment awer och dovu profitéiert, fir déi ganz Infrastruktur eng Kéier op de Leescht ze huelen. Dofir maache mir och den Audio- an den Informatikcablage nei, déi eis och scho Suerge gemaach hunn. Déi ganz Technik gëtt op de Standpunkt bruecht vun 2018.

Maxi Pesch: Dir hutt elo och vun der Informatik geschwat. Duerch déi Sécherheetslacunnen um Internetsite vun der Chamber, déi de radio 100,7 opgedeckt hat, waren och verschidde sécherheetsrelevant Informatiounen iwwer eng Zäit ëffentlech zougänglech. Dorënner Informatiounen iwwer d'Schoss- an d'Abrochsécherheet vun de Fënsteren oder och d'Optimiséierung vum System. Ass dat eppes wat är Aarbecht beaflosst. Huet sech no deene Revelatiounen eppes un de Pläng geännert, oder ass dat eppes, wat nach net dëst Joer um Programm steet?

Jean Grotz: Nee, un de Pläng vun dësem Projet, dee mir elo konkret realiséieren, huet sech elo näischt geännert. Mir hunn eng Rei vu Bauprojeten, déi parallel lafen. Dir hutt Recht, datt mir eis och ëm d'Sécherheet vun de Gebaier këmmeren an déi op de Leescht geholl hunn, och mat Expertsfirmen, déi gekuckt hunn, wéi einfach och physesch Intrusioune sinn. Wéi d'Gebai fir d'lescht am Joer 1996 renovéiert ginn ass, war d'Sécherheet vill manner een Thema, wéi se et haut ass. Dorausser resultéiert och ee Projet, deen awer eréischt d'nächst Joer gemaach wäert ginn. Deen huet u sech mat dem technesche Volet vun den IT-Strukturen an den audiovisuelle Strukturen näischt ze dinn. Dobäi wëll ech awer och soen, datt wa mir ee Projet maachen, wou mir soen, datt mir iwwer d'Securisatioun vun den Accèsen nodenken, dat bedéngt, datt mir se op en zäitgeméisse Niveau bréngen, déi déi néideg Sécherheetskontrollen erlaben. Mir wëllen awer och déi Philosophie bäibehalen, datt d'Chamber en ëffentlecht Haus ass, an dat ee mat all de Sécherheetsmoossname genee sou séier kann erakommen.

M.P: Accessibilitéit fir jiddwereen ass dann och schonn dat nächst Stéchwuert. Ass virgesinn, fir den Accès fir Leit mat enger Behënnerungen ze verbesseren?

J.G: Absolutt, jo. Mir ware jo scho behënnertegerecht, mee mir sinn awer och elo op de Wee gaangen, datt mir no laangen Etüden d'Riednerpult selwer behënnertegerecht gestalten, an deems et mobil gëtt. Mir wäerten och d'Bänken ëm e puer Zentimeter verréckelen, fir d'Plaz tëscht de Bänke méi accessibel ze maachen.

M.P: Gouf et an dëser kuerzer Zäit schonn Imprevuen? D'Aarbechte sinn elo bësse méi laang wéi eng Woch am Gaang

J.G: Gréisser Imprevue gouf et bis elo nach net. Et ass an där Hisiicht en ambitiéise Chantier. Fir e Chantier vun dëser Envergure ze maachen hätt een am Fong och kënnen ee Joer veranschlagen. Mir wëllen och fäerdeg sinn, wann déi nächst Chamber den 30. Oktober zesummekënnt.

M.P: Dësen ambitiéise Chantier huet bestëmmt och säi Präis?

J.G: De Budget läit bei dräi Milliounen Euro. Et defiléieren am Ganze ronn 26 verschidden Entreprisen innerhalb vun dräi Méint um Chantier. Mir schätzen, datt ronn 120 bis 140 Leit an där Zäit um Site wäerte schaffen.


Lauschtert de kompletten Interview mam Jean Grotz:

Lauschterenplay_arrow