Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Corbi - Wee, Wat, Wou? Feat. Serge Tonnar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Charel Grethen op Diamond-League-Course invitéiert

No den Olympesche Spiller

Charel Grethen op Diamond-League-Course invitéiert

Seng Performance op den olympesche Spiller mécht dem Charel Grethen nei Dieren op: de Lëtzebuerger Mëttelstreckeleefer seet, hie wier no senger neier Beschtleeschtung zu Tokyo fir Ufank September op de Memorial Van Damme zu Bréissel invitéiert ginn.

auto_stories

1 min

Dës Competitioun gehéiert zu der sougenannter Diamond League - der Serie vun deene renomméiertste Liichtathletik-Meetingen op der Welt.

Dat wier och net déi eenzeg Invitatioun fir eng topbesate Course, déi hien an de leschten Deeg krut, esou de Charel Grethen am 100,7-Interview.

Hie misst elo mat sengem Manager kucken, wéi hien dat kéint sortéieren. "Ech fueren elo heem, an da kann ech dat a Rou kucken."

De Charel Grethen bleift Hallefprofi

Mat senger neier Beschtzäit gehéiert de Lëtzebuerger Mëttelstreckeleefer op de 1.500 Meter am Moment zu de 25 séiersten Athleten op der Welt.

De Charel Grethen betount awer, hie wéilt weider Hallefprofi bleiwen a weider Hallefzäit am Aarbechtsministère schaffen. "Fir mech passt dat ganz gutt, an do wëll ech och gär dru festhalen."

Fir de Charel Grethen wier et eng gutt Balance tëschent Training an de Kapp fräi kréie fir aner Saachen.