arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Charlotte Bruneau

Invitée am Moies-Magasinn

|
reading time

1 min

Charlotte Bruneau

D'Charlotte Bruneau ass 100,7 Korrespondentin am Mëttleren Osten an huet donieft och véier Joer zu Beirut am Libanon gelieft. D'Journalistin suivéiert d'Aktualitéit an der Regioun, a mat hire Korrespondenze vun der Plaz gi mer iwwer déi politesch Entwécklung an der Regioun esou munches gewuer. Mee d'Charlotte Bruneau ass awer och un der mënschlecher Perspektiv interesséiert, wéi d'Liewe vun de Mënschen an hir Hoffnungen.

reading time

1 min

Nieft dem Journalismus ass Filmer maachen hir grouss Passioun an do sinn den Ament Projeten an der Maach. D'Charlotte Bruneau schafft den Abléck mat enger italienescher Journalistin un engem Kuerzfilm iwwer IS-Famillen. Am Irak ginn et Famille, wou e Jong, e Papp, e Mann oder soss ee vun der Famill, Member vum Islamescher Staat war, als IS-Famille bezeechent. Et ass eng schwiereg Situatioun besonnesch fir Fraen, deenen hir Männer gestuerwe sinn, an déi mat hire Kanner a Flüchtlingscampe liewen. Dës Famillen gi quasi stigmatiséiert. Ënner anerem doriwwer geet rieds mam Charlotte Bruneau.