D'Bronchiolite ass eng Infektioun vun den Otemweeër, haaptsächlech bei Puppelcher ënner zwee Joer. Hire Peak erlieft déi Krankheet ëmmer tëscht Dezember a Februar. Sou och dëst Joer. Wat vläicht e bëssen iwwerraschend ass, well et am Summer schonn eng Well vun där Infektioun gouf.
Vun de 35 Better an der Kannerklinik sinn der aktuell 13 mat klenge Bronchiolite-Patiente beluecht - dobäi kommen zwee Puppelcher, déi souguer intensiv musse behandelt ginn. Wat de Covid ubelaangt, ass et am Moment méi roueg, mat just véier Kanner, déi hospitaliséiert sinn. Mee.
Wéinst der Omikron-Variant géif ee sech eng Rei Suerge maachen, datt och méi Kanner missten hospitaliséiert ginn. Wann d'Fäll vu Bronchiolite mat deene vun Omikron géifen zesummefalen, da géif et schwéier ginn d'Fluxe vu Patienten ze maîtriséieren.
Elo scho sinn d'Better an der Kannerklinik quasi permanent zu 100 Prozent ausgelaascht. Wann deemnächst den Omikron sech verbeet, an d'Hospitalisatiounen dann och bei Kanner eropginn, kéint et richteg enk ginn. Ëmsou méi, well noutwenneg Isolementer dann eng duebel Beleeung vun Zëmmere onméiglech maachen. Dofir ass am Centre hospitalier schonn eng Decisioun geholl ginn. Den CHL hätt aacht zousätzlech Better an der Pediatrie bereetgestallt. Am Januar missten déi Better disponibel sinn. Si ginn definitiv gebraucht. Et wier engersäits wichteg fir d'Covid-Patiente kënnen ze geréieren, mee och all déi Kanner mat anere Krankheete missten adequat traitéiert ginn.