An dowéinst gëllt eng virsiichteg Approche: Déi Europäesch Agence fir Liewensmëttelsécherheet EFSA schreift eng maximal Dosis vun de Pestizidréckstänn vir, déi ee Mënsch pro Dag dierf zou sech huelen.
Monitoring a fënnef Gemengen
A soubal d'Konzentratioun vun de Chlorothalonil-Ofbauproduiten am Drénkwaasser ee Prozent vun deem maximalen Dageswäert iwwerschreit, iwwerwaacht den Ëmweltministère Drénkwaasserquelle méi genau.
Esou ee Monitoring gëtt a fënnef Gemengen am Land gemaach, präziséiert den Tom Schaul vum Ëmweltministère.
"Dat heescht lo net: do ass ee Gesondheetsproblem. Mir sinn hei an enger Logik, datt mir am 'Principe de Précaution' sinn. Also mir si jo ee Prozent ënnert der 'dose maximale admissible' vun engem Produit, dee potentiell gesondheetsgefährdend ass."
Auslännesch Evaluatiounen als Orientatioun
An der Gemeng Helperknapp ass d'Konzentratioun vun de Chlorothalonil-Réckstänn am Waasser méi héich, sou datt d'Gemeng elo muss Léisunge fannen. Eng Optioun ass et, fir d'Waasser mat deem aus anere Quellen ze mëschen, erkläert den Tom Schaul.
"Si kréien och un d'Häerz geluecht, datt si do hir Drénkwaasserschutzzonen esou schnell ewéi méiglech delimitéieren. An dann ze kucken, ob een Traitement och machbar ass. Wann dat alles net machbar ass, da solle si d'Quell ausser Betrib huelen."
Den Ëmweltministère iwwerpréift aktuell och, als wéi gesondheetsschiedlech d'Ofbauproduite vum Chlorothalonil sollen agestuuft ginn. Et orientéiert ee sech dobäi un den Evaluatiounen, déi aktuell an anere Länner gemaach ginn.