Frankräich Choco-Confinement

Net-essentiell Butteker sinn a Frankräich den Ament Corona-bedéngt zou. Schockela gëllt awer als Produit de première nécéssité an esou konnten d'Chocolatieren trotz Confinement iwwer Ouschteren hir Dieren ophalen.

Léonardo Kahn / cz

Edwart Chocolatier
Foto: Marine Clément-Colson

Karsamschdeg: D'Leit sti Schlaang virun de Chocolatieren - de leschten Dag ier d'Reeseaschränkungen a Frankräich a Kraaft trieden an d'Land sech fir déi nächst véier Woche reconfiniéiert. Vill Paräisser verloossen d'Haaptstad. Mee ier se an d'Bretagne oder an d'Provence fueren, fëlle se d'Valissen nach séier mat Schockelaseeër. Mam Resultat, datt d'Chocolatieren zu Paräis Ouschtersonndeg kaum nach eppes iwwereg hunn.

"L'effet d'annonce a fait que tout le monde s'est barré avec des chocolats. C'est pour ça qu'on a plus rien aujourd'hui littéralement."

Mat esou engem Ustuerm vu Clienten huet de Chocolatier Edwin Yansané net gerechent. Hien ass frou, datt säi Buttek am Quartier Marais am véierten Arrondissement trotz den neie Restriktiounen huet dierfen opbleiwen. Fir Chocolatieren ass Ouschteren nämlech eng vun de wichtegsten Zäiten am Joer.

"Pâques et Noël ce sont des gros saisons pour les chocolatiers. Pâques c'est entre 35 et 45 pourcent du chiffre d'affaire de l'année. Voilà c'est pourquoi c'est important."

E systemrelevante Beruff?

D'Chocolatiere sinn anescht wéi zum Beispill d'Kleederbutteker net vum drëtte generelle Confinement a Frankräich betraff - well Schockela als Produit de première nécessité gëlt.

Fir den Edwin Yansané ass dat evident: Schockela wier en Anti-Depresseur, an deemno grad wärend der Pandemie wichteg.

"Hier il y a eu une dame qui m'a dit: 'Je suis au bout du rouleau. Ma semaine était horrible. J'en ai marre.' Franchement, j'ai cru qu'elle était dépressive ou qu'elle voulait se suicider! Du coup je lui ai fait une dégustation. Et après elle est allée vachement mieux. Elle est partie avec un sourire."

Chocolatier: e systemrelevante Beruff? Um Pabeier ass dat esou. Trotzdeem bleiwen d'Chocolatieren net vun der Kris verschount.

"Il y a des hauts, il y a des bas. On a eu des périodes de gros creux où Paris était un No-Mans-Land. Tout le monde était parti. Quand ils sont revenus c'était un peu mieux. Mais oui, on a eu des moments de soucis et forcément, il y a le revers de la médaille. 'Produit de première nécessité' veut aussi dire que puisqu'on a le droit de rester ouvert, en terme d'aide gouvernementale, on n'en a pas vraiment. On a eu le chômage partiel que très tard."

Manner Ëmsaz duerch manner Touristen

Wann et deemno net grad Ouschteren ass, feelt et de Chocolatieren u Clienten. Virun allem, datt keng Touristen op Paräis kommen, trëfft de Secteur haart.

"Chez nous ça représentait quand même un peu plus que la moitié de notre chiffre d'affaire. Donc principalement des américains - mais où sont les américains? Ils sont pas là - des australiens, des allemands, des anglais. Tout ça fait que oui les touristes c'est important pour les chocolatiers et le commerce tout court."

Iwwert 50 Milliounen Touriste kommen normalerweis all Joer op Paräis. 22020 waren et iwwert zwee Drëttel manner, sou de regionalen Tourismus-Comité.An et gëtt sech erwaart, datt et nach Jore kéint daueren, bis den Niveau vu virun der Kris nees erreecht gëtt.

Existenzängscht huet de Chocolatier Edwin Yansané trotzdeem net. Seng Ouschterkollektioun huet gutt funktionéiert. Dat gëtt him och den néidegen Elan fir sech ob déi nächst wichteg Rendez-vouse virzebereeden: Mammendag a Pappendag.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Steve Hoegener
Drogen a Mënschen

Zaldoten, déi ouni Paus deeglaang marschéiere konnten, Keelt an Hëtzt ausgehalen hunn an net hu misse schlofen. Wéi war dat méiglech? Gehollef huet e sougenannt "Wonnermëttel" aus Däitschland.

De Béier, d'Gierwerei an d'Ardennen-Offensiv
Iwwer Bierg an Dall

An eiser Serie Muséeën iwwer Bierg an Dall geet et an den Norden op Wolz. Am Schlass ginn et do direkt dräi Muséeën ënner engem Dach ze entdecken. De Pit Walté war dohinner.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen