Radioen

On air

De Weekend  |  Gossip - Give It Up For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Christiane Kremer: "Bicher, déi frou maachen"

Lëtzebuerger Literatur

Christiane Kremer: "Bicher, déi frou maachen"

Nieft der Publikatioun vu sëlleche Romaner, huet de Verlag Kremart och Kuerzgeschichten an engem besonnesche Format publizéiert. No der Serie Smart, déi aus 20 klenge Bänn zesummegesat ass, ass elo eng nei Rei Programm. Timba heescht dës Kollektioun an déi éischt fënnef schmuel Bichelcher sinn um Maart. Wat verstoppt sech hanner Timba? D'Valerija Berdi huet bei der Christiane Kremer nogefrot.

auto_stories

3 min

Christiane Kremer: Et ass am Fong geholl eng zweet Serie. Mir hate mat der Serie Smart, déi mir 2013 lancéiert haten, net domat gerechent, datt d'Nofro dofir sou grouss wier. Mir haten deemools decidéiert fir dat ze maachen, well d'Leit ëmmer gesot hunn, "Nee, ech liese kee Lëtzebuergesch, dat ass ze schwéier ze liesen. Ech hu keng Zäit dofir. D'Bicher weie sou vill an en plus, si Lëtzebuerger Bicher ze deier". Dat war am Fong geholl dunn d'Iddi fir dat ze maachen. Vun deenen 20 déi mir ugekënnegt haten, an déi mir dunn tatsächlech och d'lescht Joer ofgeschloss hunn, war du bemol d'Fro, déi vun iwwerall hierkomm ass: "Geet dat dann elo net weider?"

Dunn hu mir decidéiert fir weiderzemaachen, zum Deel, well mir nach Geschichten haten. Mir wollten awer och den Auteuren, déi mir an der Smart-Serie haten, d'Chance ginn, och nach eng Geschicht ze schreiwen. Mir hunn awer och fonnt, datt d'lëtzebuergesch Sprooch de Moment jo awer wierklech aktuell ass. Et gëtt ganz vill iwwer dëse Sujet geschwat. Esou eng Serie géif gutt dobäi passen.

Valerija Berdi: Ech hu mech gefrot, ob et ass, fir de Lieser e Gefalen ze maachen - an enger Stonn kritt ee sou ee Buch gutt gelies - oder ass et och eng Opportunitéit fir Auteuren, déi keng méi laang Wierker schreiwen, datt déi doduerch och d'Méiglechkeet kréie fir awer publizéiert ze ginn?

C.K.: Jo dat ass sécher déi aner Säit, dat stëmmt. Et ass jo just ee vun de fënnef Auteuren, déi mir elo bréngen, dovun ass just een, dee bei der Smart-Serie schonn eng Kéier matgemaach huet, dat ass de Luc Marteling. Dat anert si wierklech Neophytten, och wann de Jerôme Netgen scho mol Theaterstécker geschriwwen huet an d'Sophie Gitzinger och scho bëssen an der Literatur ënnerwee war, awer éischter an d'Richtung Gedichter. Si hunn elo awer déi éischt Erfarung mat Kuerzgeschichte gemaach. A bis elo waren déi meescht och ganz zefridden domat. Et ass och e bëssen dat, wat Timba soll sinn, och wann et hei elo bësse méi grouss ass, wéi d'Smart-Geschichten, souwuel vum Format, wéi och vun der Säitenzuel.

V.B: Wéi scho gesot, d'Geschichte sinn alleguer op Lëtzebuergesch geschriwwen, ass dat d'Konditioun?

C.K.: Jo, dat ass d'Konditioun. Ech weess, datt mir, wéi mir d'SMART-Bicher erausginn hunn, gesot hunn, "wa mir nach eng Kéier eng Serie maachen, da beschränke mir eis net op d'Lëtzebuerger Sprooch". Mir hunn awer dës Kéier decidéiert, fir nach eng Kéier beim Lëtzebuergeschen ze bleiwen. Mir sinn awer fir d'Zukunft oppe fir aner Sproochen.

V.B: Déi éischt Serie huet Smart geheescht, dat erkläert sech selwer. Firwat heescht dës Serie Timba?

C.K.: "Timba kléngt e bësse wéi een Disney-Léiw", hat ech bei der Presentatioun gesot. D'Wuert huet, an dësem Kontext awer näischt domat ze dinn. Et ass am Fong, e Clin d'oeuil un "Timber". Dat heescht, et soll och an dësem Fall kuerz an zackeg sinn. Vläicht ass et och eng gewëssen Nostalgie, déi den Timber jo huet, obwuel e jo nach ëmmer do ass an och net verschwënnt. D'Buch huet hoffentlech eng ähnlech Nostalgie, déi och ni verschwënnt. Dat geet schonn e bëssen an déi Richtung. Ausserdeem ass de Logo och en Timber, fir datt ee quasi ka soen "et ass wéi eng kleng Envelopp, déi een engem ka ginn", mat eppes Flottem dran.