Radioen

On air

De Weekend  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Christine Majerus: "2024 eventuell nach eng Kéier mat dobäi"

Olympia

Christine Majerus: "2024 eventuell nach eng Kéier mat dobäi"

D'Cyclistin Christine Majerus weist sech an enger éischter Reaktioun e bëssen enttäuscht iwwer hir Performance vun haut Mëttwoch. D'Resultat wier "net grad gloriéis", esou d'Christine Majerus.

auto_stories

1 min

Si wier sech zwar am Virfeld bewosst gewiescht, datt si net zu deene beschten Zäitfuererinnen op der Welt gehéiert, an awer wier si mat hirer Performance ënnert dem bliwwen, wat se eigentlech ka leeschten, esou d'Cyclistin am 100,7-Interview. D'Resultat wier "net grad gloriéis". Och wa si am Zäitfueren net onbedéngt zu deene beschte gehéiert, wier eng besser Platzéierung méiglech gewiescht.

Et war no der Stroossecourse vun e Sonnden hir lescht Competitioun zu Tokio. Op si och bei de nächsten olympesche Spiller 2024 zu Paräis nach eng Kéier wéilt mat dobäi sinn, do wëllt d'Christine Majerus sech haut iwwerdeems nach net festleeën.

Kierperlech a leeschtungsméisseg wier se capabel, fir nach bis 2024 ze fueren, mee si géif d'Entscheedung och vun hirer Motivatioun ofhängeg maachen.

"Et muss awer nach ëmmer Spaass maachen. Et soll keng Contrainte sinn. An dofir muss ech ëmmer vu Joer zu Joer kucken."

Wa si bis awer bis dat Joer géif fueren, da wier dat awer definitif hiert lescht Joer, sou d'Cyclistin.