Radioen

On air

De Moien  |  Pharrell - Richard Mille

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Repressiv Moossname fir de Wunnengsbau bréngen net vill"

Landesplanung

"Repressiv Moossname fir de Wunnengsbau bréngen net vill"

D'Urbanistin an Architektin Christine Muller plädéiert fir eng aner Aart a Weis fir ze wunnen, ewech vum traditionellen Eefamilljenhaus. Am urbane Raum misst d'Offer fir Famillen an d'Luucht goen.

auto_stories

4 min

Déi iwwerschaffte sektoriell Pläng kënnen deemnächst an d'Prozedur. D’Landesplanungsgesetz soll bis den Hierscht an der Chamber gestëmmt ginn. An de Programme directeur, deen der Landesplanung ee rechtlech verbindleche Kader gëtt, gëtt eréischt ënnert der nächster Regierung ofgeschloss.

D'Urbanistin an Architektin Christine Muller begréisst schonn emol déi partizipativ Approche, déi d'Regierung fir d'Landesplanung gewielt huet. Nieft de gewinnten Decideure wëll de Minister 200 interesséiert Bierger un den Iwwerleeunge bedeelege via regional Laboratoiren.

Allerdéngs géifen och déi politesch Decideure mat um Dësch sëtzen, sou d'Christine Muller am 100,7-Interview. Ähnlech Prozeduren hätt si schonn zu Köln matgemaach. "Do war kloer, datt d'Politiker sollte bei de Resultater dobäi sinn, mä ni bei den Aarbechte vun den Aarbechtsgruppen, well déi Leit e geschützte Raum brauchen." An engem klenge Land wéi Lëtzebuerg wieren d'Weeër ze kuerz. Déi eng oder aner Meenung kéint do ënnert den Dësch falen, sou d'Urbanistin.

Eng nei Wunnkultur

"An der Populatioun muss et e Sënneswandel ginn”. Mat enger klenger Famill an engem Haus wunnen, dat fräi do steet, kéint kee Liewenszil sinn, seet d'Christine Muller. Eleng déi héich Zuel u Scheedunge géif weisen, datt dat keng nohalteg Approche wier.

Déi jonk Leit misste sech vill méi an eng Zukunft eraversetzen, an där se ëmmer nees aner Liewenssituatiounen hunn. Eng Zukunft an där se dann net einfach ugestréckt snn,i wéinst hirer Immobilie. "Kreditter zementéieren eng Liewensweis, déi awer net all Mënsch glécklech mécht."

Och an enger Stad gutt wunnen

Am städtesche Raum misst méi ugebuede gi fir Jonker, déi hire Kanner ee gutt Liewe wëlle bidden. "Et ass net esou, datt Kanner mussen um Land grouss ginn, fir gesond ze sinn.” Och den urbane Raum géif fir jiddereen eng helle Wulle u flotte Méiglechkeete bidden, fir och mat der Natur a Kontakt ze kommen a fir sozial Bezéiungen ze fleegen.

Zu Lëtzebuerg géif et awer un urbanem Wunnraum feelen, sou d'Christine Muller. Generell misste méi sozial Wunnenge fir ze loune gebaut ginn. Eidel Wunnengen an Haiser, déi net méi hiren ursprénglechen Zweck erfëllen, missten iwwerkuckt ginn. "D'Zomm vu klengen Interventioune kann eppes bréngen."

PAGen, e Problem fir d'Gemengen

De Camille Gira, Staatssekretär fir nohalteg Entwécklung an Ëmwelt, hat jo den allgemenge Bebauungsplang (PAG) vun der Gemeng Fëschbech viru kuerzem zerrass. Dem grénge Politiker no hätt dee PAG de landesplaneresche Konzepter net entsprach. De Büro vun der Christine Muller hat dee PAG fir d'Gemeng ausgeschafft.

"Déi Flächen, déi aktuell an de PAGen dra sinn, goufen ausgewisen, wéi den Drock um Wunnengsmaart nach net bestanen huet", sou d'Architektin. Déi allgemeng Bebauungspläng gi vun engem Gesetz vun 1937 gereegelt. Gemengen, déi méi no bei Ballungszentre leien, awer am ländleche Raum, wiere staark dovu betraff. "Se konnten net ëmmer d'Brems zeien."

Am Fall vu Fëschbech wiere vill Flächen nom Regime vun 1937 ausgewisen. Och wa se wéinst dem Ëmweltschutz problematesch gi sinn, wier et fir d'Politik extrem schwéier, dës Flächen nees aus dem PAG erauszehuelen. An de Gemenge géif dat zu extreme Spannunge féieren. Dacks géif déi lokal Politik d'PAGen da méi konservativ ausriichten a se fir d’éischt emol dem neie Gesetz upassen. "Dann ass et kloer, datt en Ëmweltminister muss intervenéieren", sou d'Christine Muller.

Spannungen tëschent Staat a Promoteuren

Vill Promoteure géife vun Terrainsreservë liewen, déi se am Laf vun der Zäit opkaaft hunn. Grouss Promoteuren hätten ee Geschäftsmodell entwéckelt, mat deem se hir Leit kënne weider beschäftegen, och wa se emol e Marché net kréien. "Weder Gemengen nach Staat hu massiv an aggressiv Bauland geséchert", seet d'Urbanistin Christine Muller. Déi staatlech Wunnengsbaugesellschaften hätten an de leschte Joren awer méi opkaaft. Dat géif een nach net esou gesinn, vill Projete wieren nach an der Planung.

"Esouguer mat extrem repressive Moossname komme mer kee Milimeter weider. Et muss einfach e Konsens entstoen". Wéi dat soll geschéien, erkläert d’Urbanistin net. "'Eigentum verpflichtet': Dee Saz muss an de Käpp méi present sinn". Et géif scho vill Mesurë ginn, fir am Logement anzegräifen. Et misst awer och "geraumt ginn" tëschent de Kompetenze vun de Gemengen an deene vum Staat.