Radioen

On air

De Moien  |  Plomm, deen neie Kannermusée

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Christophe Hansen: "Ee groussen Dram"

Europäescht Parlament

Christophe Hansen: "Ee groussen Dram"

De Christophe Hansen iwwerhëlt als Europadeputéierte prioritär Dossieren ëm déi d'Vivianne Reding sech gekëmmert hat. Dorënner d'Fräihandels-Accorden tëschent der EU, Japan a Singapur an déi konstitutionell Affäre mat - ënner anerem - engem geplangten Transparenz-Regëster. De 36 Joer alen zukünftegen Europa-Deputéierte verzicht dowéinst op eng Kandidatur op der CSV-Nord-Lëscht bei de Chamberwahlen de 14. Oktober.

auto_stories

3 min

De Christophe Hansen huet och wëlles fir am Mee 2019 bei den Europawahlen unzetrieden. Fir hie wier dëst Mandat nach ëmmer "ee groussen Dram". Hie wéilt dem Vertraue gerecht ginn, dat d'Wieler 2014 an hie gesat haten, sou de Christophe Hansen. Et géifen ongeschriwwe Regele ginn, datt e Sortant nach eng Kéier op der Lëscht däerf sinn, sou den CSV-Politiker.

Bei den Europawahlen 2014 war hien de Véiertgewielten op der CSV-Lëscht ginn.

Weider Member vum Wanseler Gemengerot bleiwen

Um lokalpoliteschen Niveau zu Lëtzebuerg ass de Christophe Hansen Member am Gemengerot vu Wanseler. Hie seet, hie kéint dat Mandat eventuell och als Europadeputéierte weider féieren, hie misst dat just fir d'éischt mat de Gemengerotsmemberen ofschwätzen. Déi zwou Funktioune wieren op allefalls zäitlech kompatibel.

De Christophe Hansen huet dorop higewisen, datt et fréier och eng Europadeputéiert ginn ass, déi zur selwechter Zäit Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg war. "Ech mengen, da misst ech dat, als Gemengerot vun der Gemeng Wanseler, och hikréien", seet de Christophe Hansen.

Migratiounsdebatt een Trauerspill

Den Accord vun den EU-Staats- a Regierungscheffen a Saache Migratioun gesäit hien als een "zimlech grousst Trauerspill um Bockel vun de Flüchtlingen".

De Sujet géif politesch "extrem ausgenotzt ginn", fir nationalpolitesch Majoritéiten ze erreechen. Dat géif hie perséinlech schockéieren. D'CSV wier "zimlech an der Bredouille" an et misst ee kucken, wéi ee mat den europäesche Partner wëllt weiderfueren. An Ungarn wier et de Moment ganz dramatesch.

Et géifen aktuell Mesurë lafen, fir déi concernéiert Parteien entweder op Linn ze bréngen oder se ze forcéiere fir aus der EVP auszetrieden. D'EVP kéint gutt op déi eelef Sëtz vum Viktor Orban senger Fidesz-Partei verzichten. "Dat sinn déi, déi mir wierklech net brauchen an déi eis wierklech net gutt zu Gesiicht stinn", seet de Christophe Hansen. An enger grousser Famill wéi der EVP, hätt een awer natierlech eng Streeung, iwwer de politesche Spektrum. "Déi eng si bësse méi wäit riets, déi aner méi lénks". Et wier heiansdo schwiereg an enger Famill op eng Linn ze kommen. D'CSV wier an deem Verglach "e bësse méi lénks" a méi humanistesch.

Haarde Brexit wier e "massive Problem" fir Lëtzebuerg

Een haarde Brexit wier dee schlëmmsten Zeenario, deen hie sech ka virstellen, seet den CSV-Politiker Christophe Hansen iwwer d'Méiglechkeet, datt et een EU-Austrëtt vu Groussbritannien ouni Accord kéint ginn.

London wier ee vun den Haaptpartner vun der Lëtzebuerger Fongenindustrie a vum Finanzsecteur. Wann et a Groussbritannien eng Finanzplaz géif ginn, déi net méi ënner déi europäesch Iwwerwaachung géif falen, da géif dat e "massive Problem" fir Lëtzebuerg bedeiten, esou d'Aschätzung vum Christophe Hansen.

No den Demissiounen an de leschten Deeg vun zwee Ministeren aus der britescher Regierung rechent de Christophe Hansen awer éischter net mat Neiwahlen a Groussbritannien.