Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Christophe Schiltz kéint President vum Conseil d'État ginn

Staatsrot

Christophe Schiltz kéint President vum Conseil d'État ginn

De Christophe Schiltz kéint den nächste President vum Staatsrot ginn, dat huet déi aktuell Presidentin Agny Durdu indirekt am 100,7-Interview confirméiert. Dem Roulement no géif de Posten op jiddwer Fall der LSAP zoustoen.

auto_stories

2 min

Déi lescht Méint wiere bei wäitem déi ustrengendst gewiescht, sot d'Agny Durdu. Zenter dem leschte Mäerz hätt de Staatsrot, ënner groussem Zäitdrock, 403 Texter missen aviséieren, 89 dovun an Zesummenhang mat der Corona-Kris. "Dat ass schonn en onheemlechen Drock, deen do op eis zoukomm ass."

Mat Momenter hätten d'Conseilleren hir Aarbecht net esou gewëssenhaft kënne maachen, wéi se sech dat gewënscht hätten. Et hätt een net méi kënne mat der selwechter Intensitéit un engem TExt schaffen. A verschidden Texter wieren et Delaie ginn oder et wier ëm technesch Klengegkeete gaangen.

"Mee et gouf awer och eng Partie Texter wou ee sech gesot huet: do hätt een elo awer vläicht kënne méi schreiwen, wann een an normalen Ëmstänn gewiescht wär. Mee et goung einfach net."

Limitatioun vun der Mandatsdauer

Der Agny Durdu hiert Mandat am Conseil d'État geet ufanks Abrëll no 15 Joer op en Enn. Dat war jo d'Mandatsdauer vun de Conseilleren, déi virun der Reform vun 2017 genannt gi sinn. Mat där Reform gouf déi Zäit op 12 Joer verkierzt.

D'Nach-Presidentin ass sech net sécher, ob déi Decisioun gutt a richteg war. "Ech hu mer well heiansdo d'Fro bestallt, ob 12 Joer net ze kuerz ass." Et bräicht een eng gewëssen Zäit fir an d'Matière an d'Aart a Weis, wéi d'Iwwerleeungen am Staatsrot sinn, eran ze kommen. Wann d'Agny Durdu zeréckkuckt stellt si sech d'Fro, "ob et wierklech huet misste sinn", datt d'Mandatsdauer limitéiert gouf.

Wie fir d'Agny Durdu an de Conseil d'État noréckelt, ass nach net gewosst. D'Deputéiert Simone Beissel (DP), déi méi dacks dofir genannt gouf, huet dat op Nofro hin awer kategoresch ausgeschloss.