Radioen

On air

Notturno  |  Dear Nora - Flowers Fading

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Handelskonflikt tëschent Europa an den USA

Chronik

Handelskonflikt tëschent Europa an den USA

De franséische President Emmanuel Macron ass den Ament op Staatsbesuch an den USA. An de leschten Deeg koum hie mat dem Joe Biden zesumme fir iwwer d'Kooperatioun tëschent hire béide Länner ze diskutéieren. Am Mëttelpunkt stoung dobäi virun allem den amerikaneschen Inflation Reduction Act, dee fir Tensiounen an den transatlantesche Relatioune suergt an de Westen op d'Prouf stellt, seet eise Paräisser Korrespondent Max Tholl a senger Chronik.

auto_stories

3 min

Mat Fanfare a vill Tamtam gouf den Emmanuel Macron gëschter am Wäissen Haus begréisst. Schliisslech huet den amerikanesche President Joe Biden betount, datt sech d'USA kee bessere Partner kéinte virstellen ewéi Frankräich, mat deem een d'Zesummenaarbecht nach verdéiwe wëll. Fir den Emmanuel Macron stoung vun Ufank u fest, wourëms et bei dëser Visitt soll goen: d'Agendae vu béide Länner missten "re-synchroniséiert" ginn, sou de President. Well an de leschte Méint a Jore goufen déi bilateral Bezéiungen uerdentlech strapazéiert. Virun engem Joer nach gouf et eng diplomatesch Kris wéinst engem geplatzte milliardeschwéieren U-Boot-Deal tëschent Frankräich an Australien, dat sech decidéiert hat d'Booter vun Amerika ze kafen. An natierlech hunn och d'Trump-Jore Spueren hannerlooss, déi nach ëmmer net ganz iwwerwonne sinn. Trotzdeem wëllt ee grad elo a Krisenzäiten zesummestoen, Harmonie vermëttelen. Sou eens ee sech bei der Ënnerstëtzung vun der Ukrain och ass, bei engem anere Sujet gerode béid Säiten an de leschte Wochen ëmmer nees uneneen.

Macron warnt viru Spaltung vum Westen

Den amerikaneschen Hëllefs- a Klimaschutzpak, den Inflation Reduction Act, beonrouegt Frankräich an d'EU. 356 Milliarden Euro huet Washington en vue gestallt fir Entreprisen ze ënnerstëtzen, déi déi gréng Energietransitioun undreiwen - besonnesch an de Secteuren E-Mobilitéit an erneierbar Energien. Vun den amerikanesche Subside kënnen awer just Betriber profitéieren, déi och an Amerika produzéieren. Den Emmanuel Macron huet bei sengem Besuch gewarnt, datt dës Ënnerstëtzungen "superaggressiv" géigeniwwer europäesche Betriber wieren, déi dowéinst Nodeeler um Marché géife kréien oder hire Sëtz an d'Produktioun an d'USA géinge verleeën. D'Angscht virum engem Handelskonflikt ass grouss an och berechtegt. Schliisslech huet de franséische President och ënnerstrach dësen amerikaneschen Alleingang hätt d'Potential de Westen ze spalten. Matenee reusséieren net géinteneen, war dofir de Message vum Macron bei der gemeinsamer Pressekonferenz.

"alliéiert ass net ëmmer alignéiert"

Entschëllege wëllt den Joe Biden sech net, et wier normal datt hien amerikanesch Interesse géif verdeedegen. Dat kléngt e wéineg no dem protektionistesche Mantra America First, mat deem säi Virgänger fir vill Frustratioun an Ierger bei den europäesche Partner gesuergt huet. Den Emmanuel Macron ass net nëmmen als franséische Staatspresident op Washington geflunn, mee och als Firspriecher fir déi ganz EU. Dobäi ware grouss Changementer net ze erwaarden, d'Gesetz ass votéiert an den Joe Biden huet keng Majoritéit méi am Representantenhaus. Ëmmerhi gouf sech awer dorops verstännegt, datt Léisunge solle fonnt ginn, sou datt europäesch Entreprisen net benodeelegt ginn. De Macron weess, datt et awer net nëmmen un den USA hänkt, mee och un enger EU, déi selwer net aktiv genuch ass. Hien hat jo d'Iddi vun engem "Buy European Act" an d'Spill bruecht, als Äntwert op déi amerikanesch Initiativ. Et wier eng wichteg Lektioun, well Europa net dorop baue kann, datt d'USA d'europäesch Interessen ëmmer mat abezéien. Wéi huet och den Emmanuel Macron bei senger Visitt festgehalen: alliéiert ass net ëmmer alignéiert. Fir d'transatlantesch Bezéiunge gëllt dat och weiderhin.