Radioen

On air

Notturno  |  Angel Olsen - Heart Shaped Face

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chute vum Gaspräis: wat bedeit dat fir Fournisseuren a Clienten?

Energie-Kris

Chute vum Gaspräis: wat bedeit dat fir Fournisseuren a Clienten?

De Gaspräis ass op der Bourse den Ament esou niddereg, wéi zanter véier Méint net méi. Um Spotmarket bezilt ee pro Megawattstonn nees ëm déi 100 Euro, dat ass méi wéi dräimol manner wéi virun zwee Méint. Eng Nouvelle, déi wärend der aktueller Energiekris scho bal euphoresch opgeholl gouf. Et kéint awer nach dauere bis de Client dat ze spiere kritt.

auto_stories

3 min

An de leschten zéng Méint ass de Gaspräis geklommen, ënner anerem wéinst der russescher Invasioun an d'Ukrain. Am August hat de Gaspräis ee Rekordniveau vun 342 Euro pro Megawattstonn erreecht. An an de leschte Wochen ass de Präis nees op den nach ëmmer héijen Niveau vum Juni gefall.

Dat heescht fir de Client awer net, dass d'Präisser lo och fir si falen. Dat läit dorunner, datt d'Fournisseuren de Gas net all Dag nei akafen. Si liwwere momentan nach Gas, dee se scho virun enger gewësser Zäit fir méi deier kaf hunn, seet den Energiekommissär Simeon Hagspiel.

D'Fournisseure missten deemno "iergendwann" de Präis, dee si selwer bezuelt hunn, un de Client weidergi fir hir Käschten ze decken an net faillite ze goen. "Et ass awer net esou, datt de Präis vum Grousshandelsmarché quasi all Dag 1:1 un de Client weidergi gëtt", seet de Simeon Hagspiel.

En Enkpass vum Gas

D'Präisser sinn an de leschten Deeg gefall, mee se sinn nach ëmmer héich. An de Constat bleift, datt et en Enkpass gëtt, seet den Energiekommissär: eng "beschränkt Disponibilitéit vum Gas an Europa":

Dat wier och den Haaptgrond, wisou de Präis vum Gas esou eropgaangen ass an hätt da Repercussiounen op aner Secteuren, wéi zum Beispill de Stroum.

Wisou sinn d'Präisser rezent erofgaangen?

Et gi verschidde Grënn dofir, firwat et an de leschte Wochen eng liicht Entspanung awer gouf. D'Gasspäicher uechter Europa si bal ganz gefëllt an d'Wanterméint ginn Experten no méiglecherweis manner kal wéi soss.

Donieft gëtt aktuell vill Flësseggas a Richtung Europa geliwwert, wat och zur Entspanung vum Gaspräis bedréit. Datt an der EU momentan driwwer diskutéiert gëtt, zesumme Gas anzekafen, wierkt sech och positiv op de Marché aus.

An trotzdeem bleift de Gas deier. Leschten Oktober louch de Gaspräis bei 70 Euro pro Megawattstonn, virun zwee Joer souguer just bei 20 Euro. Op deen Niveau wäerte mir sou séier net méi hikommen. mengt de Simeon Hagspiel:

"Wat an der Implicatioun och heescht, datt mir net méi domadder rechnen, datt de Präis sech kuerzfristeg zeréck op ee Niveau beweegt, wéi e virun der Kris war. Einfach well mir eng fundamental Ännerung an der Versuergung hunn, an dat och Implicatioune bei deene Käschten huet a sech deementspriechend och rëmspigelt am Präis vum Gas."

Ee volatille Marché

An et kann een och net viraussoen, ob de Präis um aktuellen Niveau bleift. Festgeluecht gëtt de Gaspräis hei an Europa nämlech um sougenannte Spot-Marché TTF. Spot-Marché heescht, datt d'Fournisseuren do Gas kënnen akafen, deen direkt geliwwert ka ginn.

TTF steet fir "Title Transfer Facility". Dëst ass den Numm vun enger virtueller Handelsplaz an Holland. Opgrond vum héije Volum u Gas, deen hei gehandelt gëtt, bestëmmen d'Offer an d'Demande um Spot-Marché TTF de Gaspräis an Europa.

Ee Präis, deen sech also séier ännere kann. Dat ënnersträicht de Carlo Bartocci, responsabel fir de Gas- a Stroumreseau vun der CREOS:

"Déi Marchéë sinn extrem volatil. Zum Beispill wéi d'Norstream-Pipelinë gesprengt gi sinn, déi jo näischt méi geliwwert hunn, do war zwar wuel nach Gas dran, mee si hunn zur Versuergungssécherheet guer näischt bäigedroen, an trotzdeem sinn do d'Präisser total explodéiert. Einfach och well d'Leit dann Angscht hunn oder well se op der Bourse Angscht hunn a fäerten, datt et vläicht nach aner Uschléi gëtt, well een déi kritesch Infrastrukture guer net sou ofgeséchert kritt."

Wéi sech de Gaspräis an den nächste Méint entwéckelt, hänkt also vu ville Facteuren of. Mee um Enn bleift et ëmmer e Spill tëscht Offer an Demande. Wat méi Gas agespuert gëtt, wat d'Präisser also méi falen, esou de Constat.