Radioen

On air

Notturno  |  The Whispers - Keep On Lovin' Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Haagen a Georges Engel sollen an d'Regierung noréckelen

Remaniement an der LSAP

Claude Haagen a Georges Engel sollen an d'Regierung noréckelen

De Claude Haagen réckelt fir de Romain Schneider, an de Georges Engel réckelt fir den Dan Kersch an d'Regierung no. Dat huet den Yves Cruchten haut confirméiert. D'Paulette Lenert wäert Vizepremier ginn.

auto_stories

2 min

No den annoncéierten Demissioune vu den LSAP-Ministeren Dan Kersch a Romain Schneider huet den LSAP-President Yves Cruchten haut hir Successeure confirméiert.

Wéi erwaart sollen de Claude Haagen vum Romain Schneider d'Landwirtschaft an d'Sécurité Sociale iwwerhuelen - de Georges Engel soll den Aarbechts- an de Sportsministère vum Dan Kersch iwwerhuelen. D'Paulette Lenert soll d'Funktioun vum Vizepremier fir d'LSAP iwwerhuelen.

Den Dan Kersch wäert zeréck an d'Chamber wiesselen, de Romain Schneider soll am Januar 2022 an d'Pensioun goen. Fir hie wäert de Carlo Weber an d'Chamber noréckelen. Den Yves Cruchten soll de Successeur vum Georges Enge als Fraktiounschef vun der LSAP an der Chamber ginn.

Dës Propositioun gouf de Moien eestëmmeg vun der Parteileedung ugeholl - an enger Woch kënnt de Generalrot vun der Partei zesumme fir doriwwer ofzestëmmen.

Et ass nach net gewosst, wie Successeur vum Claude Haagen als Buergermeeschter vun Dikrech gëtt.

Romain Schneider geet am Januar an d'Pensioun

"Ech mengen, datt et Zäit gëtt no enger laanger Karriär 'Stop' ze soen", esou de Romain Schneider. Dofir hätt hien decidéiert fir am Januar 2022 an der Regierung opzehalen, hien hätt sech nach e puer Defie fir d'Schluss vum Joer gesat, déi hie wëllt ugoen. Hie wéilt awer bis Januar ënner anerem nach den nationale Strategieplang an der Landwirtschaft op Bréissel schécken.

Fir d'Chamberwalen 2023 wëllt de Romain Schneider net méi matgoen, huet hie virun der Press confirméiert. Hie wier 27 Joer an der Politik aktiv gewiescht, ënner anerem war hien am Gemengerot, an der Chamber an och an der Regierung.

Dan Kersch wiesselt zeréck an d'Chamber

Den Dan Kersch sengersäits sot hie géif eng Regierungsekipp verloossen, mat där ee gutt zesummegeschafft hätt. No aacht Joer an der Regierung hätt hie gemierkt, datt hien net méi esou an der Lag wier gutt ze funktionéieren, wéi hien dat misst.

"Heiansdo muss een am Liewen net dat maachen, wat ee wëll maachen, mee dat, wat een nach ka maachen", esou den Dan Kersch. Et wier ee gutt beroden op dat ze lauschteren, wat den Dokter engem seet, an et wier een nach besser beroden op seng Famill ze lauschteren.

Den Dan Kersch weist sech houfreg op déi nei LSAP, déi an de leschte Méint a Joren och an de Sondage gutt Resultater konnt kréien.

Den LSAP-Parteipresident Yves Cruchten huet dem Dan Kersch an dem Romain Schneider Merci fir d'Leeschtung gesot - si hätte béid vill fir d'Partei a fir d'Land geleescht.