Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Haagen: "Komm mir ginn eis nach een, zwee Joer Zäit"

Nordstad-Fusioun

Claude Haagen: "Komm mir ginn eis nach een, zwee Joer Zäit"

De Claude Haagen mengt net, datt de Stéchdatum vum Juni 2023 fir d'Fusioun vun den Nordstad-Gemenge realistesch wier. Et sollt ee sech léiwer een oder zwee Joer méi Zäit huele fir den Dossier ze finaliséieren.

auto_stories

2 min

An dëser zousätzlecher Zäit kéint een den Dossier souwuel finanziell wéi och administrativ "mat de Leit zesummen" preparéieren. Da kéint de Projet Nordstad, iwwer dee schonn 30 Joer geschwat gëtt, "ee ganz flotte Projet" ginn.

Den nach-Buergermeeschter vun Dikrech reagéiert positiv op d'Annonce, datt d'Regierung eng eventuell Fusioun vun de fënnef Nordstadgemenge mat ronn 60 Milliounen ënnerstëtze wëllt. Dat aktuellt Gesetz gesäit eng finanziell Ënnerstëtzung vun 30 Millioune vir.

Déi fënnef Gemenge gesi sech de Moie fir iwwer dës Offer ze diskutéieren - si haten nämlech bal dat Duebelt gefrot: mat enger Ënnerstëtzung vu 5.000 Euro pro Awunner wollt een am Ganzen 120 Milliounen Euro Ënnerstëtzung vum Staat.

CO2-Reduktioun: eng pragmatesch Approche

Am Januar 2022 réckelt de Claude Haagen fir de Romain Schneider an d'Regierung no - den zukünftege Landwirtschaftsminister plädéiert fir eng pragmatesch Approche, wat d'CO2-Reduktiounsziler fir den Agrarsecteur ubelaangt.

Hien ass zwar der Meenung, datt ee sech ëmmer héich Ziler sollt setzen, mee "ob ee se alleguer kann erreechen, dat weess ech net":

"Mee wann een d'Ziler direkt erofsetzt, da gëtt ee sech mat deem zefridden, wat een en passant esou mécht. Dat ass net mäi Genre. Et soll ee sech Objektiver ginn, probéieren déi ze erreechen. An da soll ee kucken, firwat se net erreecht gi sinn, wa se dann net erreecht gi sinn. An da soll een dat revidéieren, kucke fir dat unzepassen, fir datt een ëmmer méi no un déi Ziler kënnt, déi een dann natierlech all Kéiers kontinuéierlech erëm amelioréiert."

D'Landwirtschaft ass u sech ugehalen hiren CO2-Ausstouss bis 2030 ëm 20 Prozent erofzeschrauwen. Méi wéi minus 15 oder 16 Prozent wiere bal net méiglech, hat de President vun der Landwirtschaftskammer Ufanks der Woch hei op der Antenn gesot - héchstens mat enger drastescher Reduktioun vum Véibestand. Mee dat wier eng Katastroph fir d'Baueren.