Radioen

On air

Notturno  |  Karen Dalton - Something On Your Mind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Lamberty: "Dat war e klassesche Selbstgol, Här Wiseler"

DP-Generalsekretär

Claude Lamberty: "Dat war e klassesche Selbstgol, Här Wiseler"

Mat senger Ausso "dës Regierung ass eriwwer" hätt den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler sech den Titel "Flopp vun der Woch" geséchert, esou den neien DP-Generalsekretär Claude Lamberty. D'Feststellung vum Oppositiounschef wier duerch d'Sondage-Resultater an den Deeg duerno widderluecht ginn.

auto_stories

2 min

Claude Lamberty, DP-Generalsekretär faisant fonction.

De Claude Lamberty huet vun engem "klassesche Selbstgol" vum CSV-Fraktiounschef geschwat, well de Claude Wiseler an de Sondage-Resultater déi zweete Kéier hannerteneen ofgestrooft gi wier.

Den Deputéierten aus dem Wahlbezierk Zentrum a fréiere JDL-President Claude Lamberty ass zënter Mëtt November DP-Generalsekretär faisant fonction, als Nofolger vum Marc Ruppert, deen demissionéiert hat. Um DP-Nationalkongress den 22. Abrëll 2018 soll de Claude Lamberty op dësem Poste confirméiert ginn.

Spannungen a Meenungsverschiddenheeten

"Natierlech hätte mir eis net gewënscht, datt et zu engem ëffentleche Schlagoftausch kënnt", esou huet den neie Generalsekretär d'Differenzen tëschent dem Marc Ruppert an der Parteipresidentin Corinne Cahen kommentéiert. De Claude Lamberty huet vun engem "Eenzelfall" geschwat. "Mir sinn eis Alleguerten eens, et wier besser gewiescht, si hätte méi matenee geschwat, wéi iwwer Interviewen an de Medien".

Virbereedung op d'Chamberwahlen 2018

D'DP wier eng Partei mat iwwer 6.000 Memberen. Et géif elo gëllen, d'Memberen zesummenzehalen, fir déi bescht Iddien auszeschaffen, fir datt d'DP och iwwer 2018 eraus an der Verantwortung fir d'Land kéint stoen, huet de Parteigeneralsekretär annoncéiert. Fir den DP-Wahlprogramm auszeschaffen, sollen Aarbechtsgruppen a Workshopen organiséiert ginn. Geplangt wieren inhaltlech ganz staark Argumenter a gutt Leit op de Lëschten.

Déi nei DP-CSV-Koalitioun an der Stad Lëtzebuerg wier dem DP-Generalsekretär no kee Virzeeche fir eng CSV-DP-Koalitioun op nationalem Plang.

De Claude Lamberty war Coordinateur vun der DP-Wahlcampagne 2013.

Lëtzebuerger Journal: "Keen Agrëff an d'Dagesgeschäft"

Bei der Zeitung Lëtzebuerger Journal géif de Verwaltungsrot ni an d'Dagesgeschäft vun der Redaktioun agräifen, esou de Claude Lamberty, dee selwer Member vun deem Conseil ass. Fréier wier de Journal éischter eng Newsletter vun der DP gewiescht. Haut wier et eng liberal Zeitung an hätt haut nach seng Plaz an der Lëtzebuerger Presselandschaft.

De Claude Lamberty huet net ofgestridden, datt näischt aus dem Plang gouf, fir datt de Lëtzebuerger Journal keng Parteizeitung méi soll sinn. Déi Responsabel vun der Dageszeitung haten dat viru fënnef Joer esou ugekënnegt.

D'Demokratesch Partei geséich d'Zeitungen allgemeng als e Mëttel fir Publicitéit ze maachen, esou huet de Claude Lamberty d'Fro beäntwert, ob de Journal Deel vun der DP-Kommunikatiounsstrategie fir d'Wahlen 2018 wier. Natierlech wieren de Journal an d'DP awer op eng gewësse Manéier "verlinkt", huet den DP-Generalsekretär erkläert.