Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher & Maxime Delpierre - Drips

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Meisch: Kee CovidCheck fir Schüler

Educatioun

Claude Meisch: Kee CovidCheck fir Schüler

Wat de CovidCheck-System am Enseignement ugeet bleift et derbäi: Fir d'Schüler gëtt de System net ageféiert. Enseignanten a Personal sollen awer noweisen, ob se geimpft, getest oder geheelt sinn, a Situatiounen, wou si kee Kontakt mat Schüler hunn - bei Reuniounen zum Beispill. Dat sot eis den Educatiounsminister Claude Meisch nodeems hien dës Woch eng ganz Partie Reunioune hat mat Schouldirekteren, Gewerkschaften an Elterevertriedungen.

auto_stories

1 min

Foto: SIP / Julien Warnand

Do wier ee sech eens ginn, fir eenheetlech CovidCheck-Reegelen an alle Schoul-Etablissementer anzeféieren. Hien hätt de Schouldirekteren haut eng deementspriechend Recommandatioun geschéckt, sou de Claude Meisch. Enseignanten, Educateuren a jiddwereen deen am direkte Kontakt mat Schüler ass brauch net d'Office de CovidCheck fir Schoul halen ze goen, sou den Educatiounsminister. "Mee et gëtt awer Moment a Plazen am Schoul-Alldag, wou de CovidCheck awer noutwenneg ass. Wann ech an d'Konferenz ginn, eng Reunioun hu mat aneren Enseignanten, eng Concertatiounsreunioun, oder an administrative Servicer an de Schoulen zum Beispill, a wann do keng Schüler sinn, da brauch een de CovidCheck."