D'Basis-Bourse soll ëm 40 Euro pro Semester klammen, d'Mobilitéitsbourse ëm 70 Euro an d'Bourse sociale soll ëm bis zu 115 Euro pro Semester erop gesat ginn, dat alles duerch déi zousätzlech Enveloppe vun 10 Milliounen Euro.
Ännerunge bei de Bourssen
Montanten 2021/2022 | Montanten 2022/2023 (vum 1.August un) | Komplett Augmentatioun | Augmentatioun duerch Indextranchen | Zousätzlech Hëllefen | |
Bourse de base | 1.050 € | 1.142 € | +92 € | +52 € | +40 € |
Bourse de mobilité | 1.286 € | 1.420 € | +134 € | +64 € | +70 € |
Bourse sociale | 288 € - 1.995 € | 352 € - 2.210 € | +64 € bis +215 € | +14 € bis +100 € | +50 € bis +115 € |
Bourse familiale | 262 € | 274 € | +12 € | +12 € | +0 € |
Source: Ministère de l'Éducation supérieure
De Minister Claude Meisch huet vun enger substantieller struktureller Verbesserung geschwat: fir d'akademescht Joer 2021/2021 hätten d'Bourssen de Staat alles an allem 142 Milliounen Euro kascht - elo kommen 10 Milliounen Euro derbäi:
"Dat ass eng strukturell Augmentatioun vu 7 Prozent, plus nach eng Kéier déi zwou Indextranchen: also insgesamt da vun 12 Prozent."
Am Tripartite-Accord war dës zousätzlech 10 Milliounen Euro festgehale ginn. Onofhängeg vum Portmonni vun den Eltere soll all Student sengem Studium kënnen nogoen: dat wier nach ëmmer d'Zil vun der Regierung, huet et der Presentatioun vun den Detailer geheescht.
Claude Meisch: "E gëtt eng Nout bei de Studenten"
Den Héichschoulminister huet sech och zefridde gewisen, datt d'Tripartite decidéiert huet fir d'Finanzhëllefe fir d'Studenten erop ze setzen. D'Regierung hätt agesinn, datt et och bei de Studenten eng Nout géif ginn. "Ech denken, déi ass eigentlech nach vill méi grouss wéi op villen anere Plazen", esou de Claude Meisch.
Als Student hätt ee kee gereegelt Akommes, dofir awer reegelméisseg Depensen. De Claude Meisch huet sech zefridde gewisen, datt ee "relativ séier an onkomplizéiert" iwwer déi lescht zwou Wochen hätt kënnen diskutéieren an déi nei Hëllefen hätt kënnen op de Wee bréngen.
Fir d'Upassunge vun de verschiddenen Hëllefe muss d'Chamber nach e Gesetz stëmmen: dës Upassunge solle vum August dëst Joer un a Kraaft sinn. Am leschte Studiejoer hu ronn 33.600 Studente Finanzhëllefe vum Staat kritt.