Radioen

On air

Notturno  |  RF Shannon - Heathen Nights

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Claude Muller fuerdert Kontaktlimitatiounen an eng Impfflicht

Virologie

De Claude Muller fuerdert Kontaktlimitatiounen an eng Impfflicht

Wéinst der Omikron-Variant wäerten och hei am Land Schrëtt néideg sinn, wéi direkt drastesch Kontaktlimitatiounen. Dat seet de Prof. Dr. Claude P. Muller. Senger Meenung no, wier d'Regierung gutt berode wa se Virbereedunge fir eng allgemeng Impfflicht géif maachen.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow

Wéinst der neier Virus-Variant wier d'Booster-Impfung "absolut wichteg" ënnersträicht de Claude P. Muller.

Et geséich een am Ausland, datt et duerch d'Omikron-Variant zum Deel bannent zwee bis dräi Deeg et zu enger Verdueblung vun de Fall-Zuele kéim. Leider wäert dat och hei am Land net anescht sinn, warnt den Expert. Dowéinst kéint et zu esou enger héijer Inzidenz kommen, datt och bei engem manner virulente Verlaf, ze vill Leit missten an d'Klinik, an et zu enger Iwwerlaaschtung kéint kommen.