De Claude Turmes baséiert seng Ausso op eng Etüd, déi vum europäesche "Gas Coordination Group" gemaach gouf an dee vun der EU-Kommissioun koordinéiert gëtt.
Et géifen och genee Pläng ginn, wéi eng Kategorie vu Betriber an esou engem Fall ofgeschalt misste ginn, esou den Energieminister.
Preparatioune fir de Wanter
Fir eventuell Enkpäss ze verhënnere wieren d'EU-Memberstaaten am gaangen eng Rei Mesuren ze ergräifen: zum Beispill soll séchergestallt ginn, datt déi ënnerierdesch Gasstocken an Europa virun de kale Méint gutt gefëllt sinn.
Doriwwer eraus wieren d'Länner am Gaange fir no alternative Sourcë vun Äerdgas ze sichen, wéi zum Beispill flëssegem Äerdgas.
De Verbrauch erofsetzen
Den Energieministère plangt dëst Joer dann och nach eng EU-wäit Sensibiliséierungscampagne mat ze gestalte fir privat Persounen, Staat, Gemengen an Entreprisen ze sensibiliséieren, fir hire Verbrauch vu Gas a Mazout erofzesetzen.
D'Zil vun esou enger Campagne wier et souwuel Gas, wéi och Ueleg anzespueren, fir esou een Impakt op de Marché kënnen ze hunn.
An der EU gëtt am Kader vun der Ukrainkris ëmmer méi intensiv en Embargo vu russeschem Gas an Ueleg diskutéiert. Lëtzebuerg bezitt am Wanter ee Véierel vu sengem Gas aus Russland.