De Parteivirstand vun déi Gréng proposéiert de Claude Turmes als neie Staatssekretär am Ëmweltministère, an als Spëtzekandidat am Norde bei den nächste Chamberwahlen. Een ausseruerdentleche Parteikongress ass de 5. Juni geplangt. D'Vereedegung vum Claude Turmes wier "virun oder ëm den Nationalfeierdeg" virgesinn.
"De Camille Gira huet dëst Land gepräägt"
De grénge President Christian Kmiotek sot, déi heite Pressekonferenz hätt ee sech léiwer geschenkt. Hien huet d'Geleeënheet genotzt fir den Engagement vum Camille Gira ze éieren. Et wier schwiereg ee Mann, wéi de Camille Gira z'ersetzen:
"Ëmmer de Ball gespillt"
De Claude Turmes, Joergank 1960, ass zënter 1999 am Europaparlament, wou ee vu senge Schwéierpunkten d'Energiepolitik war. Am Ëmweltministère iwwerhëlt hien elo d'Dossiere vum Camille Gira, dorënner den Naturschutz.
Mat Tréinen an den Aen, sot de Claude Turmes hie géif et als "seng Verantwortung" gesinn dem Camille Gira seng Aarbecht weider ze féieren.
"De Camille huet ëmmer de Ball an ni de Mann oder d'Fra gespillt. An dat maachen ech d'selwecht."
Spëtzekandidat am Norden
De gebiertegen Dikkrecher huet an de leschte Joren haaptsächlech zu Bréissel gewunnt. Vum 1. Juni un hätt hien nees eng Wunneng zu Dikkrech, esou de Claude Turmes. Amplaz vum Camille Gira an zesumme mam Françoise Follmer soll hien de 14. Oktober als Spëtzekandidat am Norden untrieden.
Als Spriecher vun "déi gréng Norden", huet den Deputéierte Gérard Anzia déi Propos ausdrécklech begréisst. D'Propos muss nach vum Bezierk gutt geheescht ginn.
De Claude Turmes hält domadder definitiv op am Europaparlament a kandidéiert net méi bei den nächsten Europawahlen. No de Chamberwahle wëllt hie gär an d'Chamber.
Tilly Metz nei Europadeputéiert
D'Tilly Metz iwwerhëlt fir de Claude Turmes am Europaparlament. Bei den Europawahlen 2014 war si mat am Ganzen iwwer 27.000 Stëmmen bei de Gréngen zweet gewielten nom Claude Turmes, deen deemools bal 70.000 Stëmme krut. De Claude Turmes war domadder nom Viviane Reding (CSV, 126.000 Stëmmen) an dem Charel Goerens (DP, 83.000 Stëmmen), hei am Land deen drëttbescht gewielte Politiker bei de leschten Europawahlen.
D'Tilly Metz, Joergank 1967, ass directrice adjointe am "Lycée technique pour professions éducatives et sociales" (LTPES) a war vun 2005 bis 2011 Buergermeeschtesch vu Weiler-La-Tour. Hire Posten als Directrice adjointe am LTPES géif si opginn. Am Stater Gemengerot réckelt d'Christa Brömmel fir d'Tilly Metz no.
"Schwéier Nofolleg"
Zwou Wochen hunn déi Gréng gebraucht, fir an der Suite vum Camille Gira sengem onerwaarten Dout iwwer seng Nofolleg z'entscheeden. De gréngen Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch hat dës Aufgab um Dënschdegmoien op Twitter esou beschriwwen:
No dem traureregen an fir déi gesamt Partei extrem schmerzlechen Verloscht vum Camille Gira, wärten @deigreng haut matdeelen wien déi schwéier Nofolleg iwerhëllt
- Francois Bausch (@fbausch) May 29, 2018