Radioen

On air

Tockcity  |  Daniel Avery - Wonderland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Turmes: Zäitpunkt vum Vott net glécklech

CETA

Claude Turmes: Zäitpunkt vum Vott net glécklech

De Claude Turmes gëtt zou, dat den Zäitpunkt vum Vott iwwer de CETA-Accord - matzen am État de crise - net glécklech war. Hie seet awer och, datt hien dem Handelsaccord mat Kanada zougestëmmt hätt, wann hien Deputéierte wier.

auto_stories

2 min

D'Ofkommes, dat den Deputéierte virgeluecht gouf, wier nämlech op wesentleche Punken am Verglach mat fréiere Versioune vum Text verbessert ginn. Firwat gesäit d'Zivilgesellschaft dat dann anescht? Dorop äntwert de Claude Turmes:

"Herno ass et natierlech eng Saach vun ass d'Glas hallef voll oder hallef eidel? An - an dat ass da vläicht och den Ënnerscheed vun der Politik vis-à-vis vun der Zivilgesellschaft - et muss ee jo och kucken: maachen ech e Schratt no vir oder bleiwen ech stoen?"

Warscheinlech keng ekologesch Krittäre fir europäesch Corona-Hëllefen

An hirem Konjunktur-Programm, deen dës Woch diskutéiert gëtt, wäert d'Lëtzebuerger Regierung d'Hëllefe fir d'Betriber un ekologesch a soss nohalteg Krittäre bannen, esou den Energieminister. De Claude Turmes huet awer Zweiwelen, ob eng änlech Approche och um europäeschen Niveau konsensfäeg wier. Och do sollen dës Woch Diskussiounen iwwer Ënnerstëtzunge fir d'Ekonomie lafen.

An der Corona-Kris ware Mesurë méiglech, déi een net fir méiglech gehalen hätt. Am Beräich vum Klimaschutz wier bis elo esou gemaach ginn, wéi wann d'Auswierkungen dovu wäit an der Zukunft géife leien oder d'Problemer a Länner géifen optrieden, déi wäit ewech sinn. Dat wier awer net de Fall, esou de gréngen Energieminister.

"Nee, wann elo net agéiert gëtt, da kréie mir och an Europa Situatiounen, a Spuenien, an der Ukrain, do wäert d'Landwirtschaft et immens schwiereg kréie fir iwwerhaapt nach produktiv ze sinn, well et esou dréchen ass. A mir wäerte Plaze kréien an eise Stied, déi esou total iwwerhëtzt sinn, datt s de da muss higoen an déi selwecht vulnerabel Leit, déi haut net däerfen eraus bei Covid, déi muss de dann och erëm forcéieren doheem ze bleiwen, well dobaussen eng Hëtzewell ass."