Hie kéint novollzéien, datt een heiansdo vun enger Situatioun iwwerrullt gëtt, an hie géif och kengem dat iwwel huelen, esou de Claude Wiseler. Hie kéint awer net verstoen, wéi d'Regierung mëttwochs nach hätt kënne soen, datt d'Situatioun am Grëff wier, an datt een net ze reagéiere bräicht, an zwee Deeg drop géif d'Regierung erklären, datt se déifgräifend Aschnëtter misst maachen.
"An dësem Moment brauch d'Regierung Credibilitéit. D'Leit mussen der Regierung kënne gleewen. D'Leit gleewen der Regierung, wa se iwwerzeegt sinn, datt d'Regierung ëmmer dat seet, wat ass."
Als Oppositiounspolitiker hätt een och vun der Regierung erkläert kritt, datt ee Lëtzebuerg net mam Ausland kéint vergläichen, well Lëtzebuerg ganz aner Moossname wéi d'Nopeschlänner geholl hätt. "Et war esou: Wat hätt der gär, et ass dach kee Problem. An da kënnt zwee Deeg duerno, wou et net méi anescht geet, wou d'Press, wou d'Spideeler, wou d'Leit Moossname froen ... da reagéiert d'Regierung."
D'Situatioun wier net méi ënner Kontroll
Den CSV-Deputéierten ass och der Meenung, datt déi Mesuren, déi elo ugekënnegt gi sinn, net duerginn. De Claude Wiseler schwätzt vun enger Situatioun, déi net méi ënner Kontroll wier.
"Mir hunn Zuelen, déi véier-, fënnefmol méi héich sinn Enn der Woch wéi ufanks der Woch. Mir hu Situatiounen an de Spideeler, déi wierklech op der Limitt sinn. Mir hunn en analogen Tracing, deen u sech net méi esou funktionéiert, wéi e soll funktionéieren, deen also seng Roll net méi erfëllt. An dofir kommen ech zur Conclusioun, datt d'Situatioun net méi ënner Kontroll ass."
D'Infektiounszuelen an der breeder Populatioun sinn eng Saach, d'Augmentatioun vun de Fäll beim Spidolspersonal eng aner. Den CSV-Deputéierte mécht drop opmierksam, datt muss garantéiert ginn, datt weider genuch Personal an de Klinicke schafft, fir den Aarbechtsopwand ze packen, deen op si zoukënnt.
De Claude Wiseler betount, d'CSV wéilt déi nei Mesuren op kee Fall blockéieren an hëllefe fir se esou séier wéi méiglech duerch d'Chamber ze kréien. Hien huet och un d'Regierung appelléiert fir esou séier wéi méiglech mat der Oppositioun ze schwätzen, wann eventuell nach zousätzlech Mesuren néideg wieren, déi iwwer dat erausginn, wat e Freideg decidéiert gouf.