Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eppes op engem méi groussen Niveau bewierken"

Ombudsman

"Eppes op engem méi groussen Niveau bewierken"

Si wéilt an der Equipe an am Dialog schaffen, seet déi nei Ombudsman. D'Juristin wëll de Bierger erklären, wat d'Kompetenze si vu der Institutioun, déi tëscht hinnen an de Verwaltunge vermëttelt. Hire parteipoliteschen Engagement bei der DP spillt fir d'Claudia Monti keng Roll an hirer neier Funktioun.

auto_stories

2 min

Mat 35 vu 54 Stëmme gouf d'Affekotin vun der Chamber als Successeur vun der Lydie Err gewielt, déi a Pensioun geet. D'Lydie Err stoung an der Kritik, well d'Personal onzefridde mat hirem Féierungsstil war. Fir déi nei Ombudsman, déi den 1. Abrëll hiren neie Posten untrëtt, ass kloer: "Et ass wichteg, datt ech an der Equipe schaffen, well si wëssen, wéi et geet."

Eng neutral Approche

D'Claudia Monti war Vizepresidentin vun der DP an DP-Kandidatin fir d'Europawahlen 2014. Och hir Virgänger ware Parteipolitiker: De fréieren CSV-Minister Marc Fischbach an déi fréier LSAP-Staatssekretärin an Deputéiert Lydie Err. Déi Leit, déi bis elo de Poste besat hunn, hätten hir Neutralitéit bewisen, esou déi nei Ombudsman: "Ech wäert dat och maachen".

Et dierft weder ee Virdeel nach een Nodeel sinn, enger Partei unzegehéieren. D'Leit hätte jo och kënne géint si sinn, fir géint d'DP ze goen, seet d'Claudia Monti. Dofir wär si frou, datt si och Stëmmen aus der Oppositioun krut.

Neien Job, bekannten Defi

Déi a Kanner- a Familljerecht spezialiséiert Juristin muss elo hir Affekoten-Etude opginn. Si géif mat engem laachenden an engem kräichenden A ophalen, well si verschidden Dossieren elo misst opginn.

"Mee ech hoffen, datt ech eppes bewierkt kréien op engem méi groussen Niveau." Dat wier hir Motivatioun. An och elo géif si weider mat a fir Mënsche schaffen, betount d'Claudia Monti.

Justiz an Transparenz

D'Claudia Monti gesäit kee Risiko, datt hir Kompetenze sech mat deene vum neie "Conseil suprême de la justice" iwwerschneiden. Déi geplangten nei Ulafplaz wier zoustänneg, wa Bierger ee Problem mam Justizapparat hätten. Den Ombudsman wier nach ëmmer d'Ulafsplaz, wann zum Beispill een Uerteel net ëmgesat gëtt.

Op d'Transparenz vun de staatlechen Institutiounen ugeschwat, seet d'Juristin, datt den Accès vun de Bierger zu den Informatioune den Ament scho gutt gereegelt sinn. Si selwer hätt ëmmer déi Informatioune kritt, déi si gebraucht huet. De Problem wier éischter, datt d'Bierger dacks net wéissten, wou si no den Informatioune sollte froen.