arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claudia Monti: Missioun vum Ombudsman muss erweidert ginn

Mediateur

|
reading time

1 min

Claudia Monti: Missioun vum Ombudsman muss erweidert ginn

D'Ombudsman Claudia Monti, déi och zoustänneg ass fir d'Kontroll vun den zouenen Anstalten, bleift bei hirer Fuerderung, datt hir Missioun misst erweidert ginn. Deemno sollten an Zukunft och Fleegeheemer a Foyere kënnen op d'Anhale vu Mënscherechter iwwerpréift ginn, sou d'Claudia Monti.

reading time

1 min


play_arrow De Bäitrag vum Christiane Kleer lauschteren


Dat wier net just eng Saach vum Prinzip, mee et géif hei am Land dofir ee klore Besoin ginn. De Rapport iwwer déi extern Kontroll vun zouenen Anstalte gouf haut publizéiert. Dora gëtt ënner anerem och festgestallt, datt Mineuren, déi an der Unisec zu Dräibuer agespaart sinn, et duerno - wéinst hirem Passé - ganz schwéier hunn an engem staatleche Foyer opgeholl ze ginn. Dat well een si do zum Deel net géif wëllen, wat awer eng Diskriminatioun wier, sou de Rapport.