Radioen

On air

Notturno  |  The Saxophones - Take My Fantasy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claus Vögele: D'Psychotherapie misst rembourséiert ginn

Psychesch Gesondheet an der Pandemie

Claus Vögele: D'Psychotherapie misst rembourséiert ginn

No der Pandemie wäerte wesentlech méi Leit wéinst psychesche Problemer op professionell Hëllef ugewise sinn, wéi dat virun der Kris de Fall war, seet de Claus Vögele am 100,7-Interview. De Professer fir Psychologie a Psychotherapie vun der Uni Lëtzebuerg fuerdert dofir, datt d'Länner - och a grad Lëtzebuerg - d'Viraussetzunge schafen, fir déi Hëllefs-Offere kënnen ze maachen an ze bezuelen.

auto_stories

2 min

Vertrieder vun der CNS hätten him eng Kéier gesot, datt Lëtzebuerg eventuell ze vill Psychotherapeute géif ausbilden oder zouloossen.

"Ich finde diese Anmerkung angesichts der bereits schon vorher hohen Prävalenz-Zahlen von psychischen Störungen geradezu zynisch."

Hie géif dat wirtschaftlecht Argument hannendru verstoen, seet de Claus Vögele, mee fir hie wier d'Argument immens kuerzsiichteg. D'Käschten déi mat engem Aarbechtsausfall vun erkrankte Persoune verbonne wieren, wieren am Endeffekt vill méi grouss.

Wann déi psychesch Gesondheet vun de Leit der Politik en éierlecht Uleies ass, da missten d'Käschte vu Psychotherapien och endlech vun der Gesondheetskeess iwwerholl ginn. De Professer fir Psychologie a Psychotherapie geet dovun aus, datt no der Kris wesentlech méi Leit op professionell Hëllef ugewise wäerte si wéi dat virdrun de Fall war.

D'Recht vum Kollektiv an d'Recht vum Eenzelen

Fir d'Vertraue vun de Leit an den AstraZeneca-Impfstoff net ze verléieren, wier et besonnesch wichteg, datt d'Autoritéite kloer kommunizéieren, an de Leit erklären, wéi eng verschidde Consideratioune bei sou enger Decisioun matspillen, sou de Claus Vögele.

An dësem Fall wier d'Wuel vun der Allgemengheet an d'Wuel vum Eenzele géinteneen ofgewie ginn. Et wier am Intressi vun der Allgemengheet, wa viru geimpft géif ginn an et wier am Intressi vum Eenzelen, d'Impfung auszesetzen, wann domat potentiell déidlech Niewewierkunge verbonne wieren.

"Und da haben jetzt die betroffenen Staaten - Luxemburg eingeschlossen - entschieden, dass sie sich für das Wohl des Einzelnen entscheiden, und das wird in den meisten Ländern durch deren Verfassung auch gedeckt."

Manner Emotiounsausdrock duerch d'Masken

D'Maske sinn eng vun de wierksaamste Protektioune géint d'Iwwerdroung vum Virus. Si hunn awer och eng negativ Säit, déi sech ëmmer méi an der Interaktioun vu Mënsche bemierkbar mécht, well se d'Hallschecht vun engem vun eise wichtegste Kommunikatiouns-Instrumenter bedecken: d'Gesiicht. Dat géif net ouni Konsequenze bleiwen, sou de Claus Vögele. An zwar net just fir erwuesse Leit.

"Bereich, dem wir zunehmend Aufmerksamskeit schenken, sind mögliche Einschränkungen in der Entwicklung von Kindern. Wir haben es jetzt schon mit einer Generation von Kindern zu tun, die über 12 Monat schon viel weniger an Emotionsausdruck lernen durch die Beobachtung anderer als das mit anderen Generationen der Fall war."